Antoine Lavoisier
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Antoine Lavoisier | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
26. August 1743 Paräis |
| Gestuerwen |
8. Mee 1794 Place de la Concorde |
| Doudesursaach | Käppen |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | Faculté de droit de Paris |
| Aktivitéit | Cheemiker, Ekonomist, Biolog, Physiker, Akadeemiker, Affekot, Astronom, Schrëftsteller |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
| Member vun | Royal Society, Académie des sciences, American Philosophical Society, Accademia Nazionale delle Scienze |
| Gielercher | Fellow vun der Royal Society, Goldmedail, 72 Nimm um Eiffeltuerm |
| Famill | |
| Bestuet mat | Marie-Anne Pierrette Paulze (1771–8.5.1794) |
| Papp | Jean-Antoine de Lavoisier |
| Mamm | Emilie Punctis |
|
| |
Den Antoine Laurent Lavoisier, fréier de Lavoisier, gebuer de 26. August 1743 zu Paräis, an och do gestuerwen den 8. Mee 1794, war e franséische Cheemiker, Philosoph an Ekonomist. Hien huet quantitativ Miessmethoden an der Chimie agefouert, d'Roll vum Sauerstoff bei der Verbrennung an am Oxidatiounsprozess vun der Ootmung erkannt an domat d'Phlogiston-Theorie, déi deemools dominant war, widderluecht. De Lavoisier huet vill Grondlage vun der moderner Chimie geluecht a gëllt als Grënner a Papp vun der moderner Chimie.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]No him genannt
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Fir un den Antoine Lavoisier z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 15. Abrëll 1954 decidéiert um Verluerekascht an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Antoine Lavoisier verbënnt d'Rue Marie et Pierre Curie mam Boulevard de la Fraternité.
Soss doruechter
[änneren | Quelltext änneren]- Den Asteroid (6826) Lavoisier,
- de Moundkrater Lavoisier,
- en etlech Stroossen a Frankräich hunn den Numm Rue Lavoisier,
- verschidde Lycéeë wéi deen zu Paräis, zu Porcheville an zu Mayenne krute säin Numm,
- dem Lavoisier säin Numm ass ee vun den 72 Nimm um Eiffeltuerm.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Antoine Lavoisier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
