Op den Inhalt sprangen

Antoine Lefort (Jurist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist Antoine Lefort. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Antoine Lefort.
Antoine Lefort
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter
Fonctioun Conseiller am Staatsrot
Famill
Kanner Émile Lefort

Den Antoine Lefort, gebuer... zu Iechternach, a gestuerwen den 3. Mäerz 1889 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Politiker a Magistrat.

Vun 1848 bis 1854 war hien Deputéierten an der Chamber.[2] Den Antoine Lefort war zu där Zäit Untersuchungsriichter beim Bezierksgeriicht zu Dikrech.[3]

Vum 10. August 1860 u bis zu sengem Doud war hie Member vum Staatsrot.[4]

Säi Jong Emile Lefort war och Magistrat a Member vum Staatsrot.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Kuerz Biographie vum Antoine Lefort am Luxemburger Wort vum 7. Mäerz 1889
  2. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
  3. Nominatiounen am ordre judiciaire am Memorial A N°88 vun 1853 Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt den 11.02.2013.
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
  5. Memorial N°8 vun 1877 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen