Antonio Machado

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Antonio Machado
Gebuertsnumm Antonio Cipriano José María Machado Ruiz
Gebuer 26. Juli 1875
Sevilla
Gestuerwen 22. Februar 1939
Collioure
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Dramatiker, Enseignant, Intellektuellen
Famill
Bestuet mat Leonor Izquierdo
Geschwëster Manuel Machado

Den Antonio Cipriano José María Machado Ruiz, bekannt als Antonio Machado, gebuer de 26. Juli 1875 zu Sevilla, gestuerwen den 22. Februar 1939 zu Collioure, war e spueneschen Dichter.

Hien ass zu der literarescher Beweegung Generación del 98 ze zielen. Zentraalt Theema vu senger Dichtung ass d'Elengsinn, säin Haaptwierk heescht Soledades.

Vun him staamt de Begrëff "Zwéi Spuenien" (am Gedicht Proverbios y Cantares), deen déi haart Géigesätz tëscht der Gauche an der Droite an der spuenescher Gesellschaft ausdréckt.

Op der Flucht virun de Faschiste vum Franco ass hien un Erschëpfung kuerz virun der franséischer Grenz gestuerwen.

Hommage[änneren | Quelltext änneren]

De Louis Aragon huet iwwer hie gedicht:

Machado dort à Collioure
Trois pas suffirent hors d'Espagne
Que le ciel pour lui se fît lourd
Il s'assit dans cette campagne
Et ferma les yeux pour toujours.

Déi spueneschsproocheg Kulturassociatioun zu Lëtzebuerg, de Círculo Cultural Antonio Machado, huet sech no him genannt.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Antonio Machado: Campos De Castilla / Kastilische Landschaften. Gedichte. 1907-1917, 2001, Amman Verlag ISBN 978-3100487636

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antonio Machado – Biller, Videoen oder Audiodateien