Aqueduc vu Segovia

Vu Wikipedia
Den Aqueduc

Den Aqueduc vu Segovia ass en Aqueduc an der zentralspuenescher Stad Segovia.

E gouf warscheinlech ënner dem réimesche Keeser Trajan (reg. 98–117 n. Chr.) (vläicht och e bëssen éischter) gebaut, fir frëscht Quellwaasser aus de Bierger vun der Sierra de Fuenfría, eng 17 km baussent der Stad, erbäizebréngen. An der Zäit vun de Mauren (1072) goufen Deeler dovu beschiedegt, d'Schied goufen am spéide 15. Joerhonnert, elo ënner de Kathoulesche Kinneken, reparéiert, andeems 36 gotesch Spëtzbéi agebaut goufen.

Den Aqueduc war nach bis 1974 a Betrib.

D'Bréck vum Aqueduc ass maximal 28 Meter héich a besteet aus 119 Béi, déi mat 163 Tëschebéi (44 Dubelbéi am Zentrum a 75 Eenzelbéi op de Säiten) stabiliséiert ginn. D'Stäiler sinn aus antickem Bëtong (opus caementitium) a Steng aus Granit.

Den Aquaeduc vu Segovia ass zanter 1985, mat der Alstad op der Lëscht vum UNESCO-Weltierwen agedroen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aqueduc vu Segovia – Biller, Videoen oder Audiodateien