Arches-Nationalpark

Vu Wikipedia
D'Delicate Arch
D'Landscape Arch
D'Skull Arch
D'Double Arch

Den Arches-Nationalpark ass en Nationalpark an de Vereenegte Staaten, um Colorado-Plateau, no bei Moab am Oste vum Bundesstaat Utah. En huet säin Numm dohier ("arch" = "Bou"), well do méi wéi 2000 Béi aus Sandstee stinn, déi duerch Erosioun entstane sinn an déi wéi natierlech Brécken an der Landschaft sinn. De Park gouf 1929 etabléiert a steet ënner der Opsiicht vum National Park Service.

Bekannt "Béi" sinn d'Landscape Arch, Double Arch, Double O Arch an d'Delicate Arch. Nimm vu bemierkenswäerte Fielsforme sinn ë. a. Courthouse Towers, Windows Section, Delicate Arch, Fiery Furnace, Devils Garden a Klondike Bluffs.

D'Temperature schwanken zolidd; am Wanter kann et do schneien an am Summer bis iwwer 40 °C waarm ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arches-Nationalpark – Biller, Videoen oder Audiodateien