Arches-Nationalpark
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Arches National Park)
|
| |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Koordinaten | 38°43'41"N, 109°32'24"W |
| Ugeluecht | 12. November 1971 |
| Fläch | 354,2 km² |
|
| |




Den Arches-Nationalpark ass en Nationalpark an de Vereenegte Staaten, um Colorado-Plateau, no bei Moab am Oste vum Bundesstaat Utah. En huet säin Numm dohier ("arch" = "Bou"), well do méi wéi 2000 Béi aus Sandstee stinn, déi duerch Erosioun entstane sinn an déi wéi natierlech Brécken an der Landschaft sinn. De Park gouf 1929 etabléiert a steet ënner der Opsiicht vum National Park Service.
Bekannt "Béi" sinn d'Landscape Arch, Double Arch, Double O Arch an d'Delicate Arch. Nimm vu bemierkenswäerte Fielsforme sinn ë. a. Courthouse Towers, Windows Section, Delicate Arch, Fiery Furnace, Devils Garden a Klondike Bluffs.
D'Temperature schwanken zolidd; am Wanter kann et do schneien an am Summer bis iwwer 40 °C waarm ginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Arches-Nationalpark – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Arches National Park
- (en) Arches National Park
- (en) op Wikivoyage
