Armand Mollard

Vu Wikipedia

Den Armand Mollard, gebuer zu Paräis[1] den 28. Mee 1862, gestuerwen op senger Proprietéit “La Motte” bei Villeneuve-sur-Lot (Departement Lot-et-Garonne)[1] den 11. November 1930, war e franséischen Diplomat.[2]

De 7. Oktober 1881 ass den Armand Mollard Attaché am Service du protocole vum franséischen Ausseministère ginn.[3] 1887 gouf hien Commis principal chargé des fonctions de sous-chef du Service du protocole[1] an den 8. September 1893 Chef adjoint vum Service du protocole.[3] Weider Etappen a senger Karriär waren: membre de l'Ambassade extraordinaire du général de Boisdeffre à Moscou (1896); attaché à la personne du Président de la République à St. Petersbourg (1897 an 1902). Vun 1902 bis 1913 war hie Chef vum Service du protocole.[1]

Vun Ufank Dezember 1913 bis Enn November 1924[4] war de Mollard franséische Botschafter (Ministre plénipotentiaire) zu Lëtzebuerg. Zwéin Deeg nodeems Däitschland Lëtzebuerg besat hat, ass hien de 4. August 1914 op Drock vum däitschen Okkupant ausgewise ginn; den 13. Februar 1920 ass hien op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet den Dag dono seng fréier Funktioun als franséischen Ambassadeur nees offiziell iwwerholl.[5]

Den Armand Mollard war Buergermeeschter vu Penne-d'Agenais (Departement Lot-et-Garonne).[6] Hie war Éierebierger vun der Stad Lëtzebuerg.[7] Hie war Éierepresident vun der Alliance franco-luxembourgeoise vun Esch-Uelzecht.[8]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Luxemburger Wort 1930, Nr. 315 (13. November), S. 4 (A. Mollard †).
  2. Willequet, J., 1970. Gaston Barbanson, promoteur d'une «Grande Belgique» en 1914-1918. Revue belge de philologie et d'histoire, 1970 Volume 48, Numéro 2, S. 334.
  3. 3,0 3,1 Boppe, A., L.C.M. Delavaud & L. Delavaud, 1901. Les introducteurs des ambassadeurs, 1585-1900. Paris, S. 72.
  4. Am Tageblatt liest een: 1. Dezember 1913 bis den 1. Dezember 1924. Escher Tageblatt 1930, Nr. 309 (13. November), S. 3 (Sterbefall).[1]
  5. Goedert, H., 2014. La souveraineté luxembourgeoise malmenée par l'envahisseur allemand. 4 août 1914: expulsion de l'ambassadeur Mollard: les premières répercussions de l'occupation allemande avec des mesures contre le ministre plénipotentiaire de France. Die Warte 2014, Nr. 20 (3. Juli), S. 5-7.
  6. Penne-d'Agenais. Les 90 ans de l'office . La Dépêche du Midi, 24/05/2013.
  7. Luxemburger Wort 1930, Nr. 316 (14. November), S. 4 (Beileidstelegramm). [2]
  8. Luxemburger Wort 1931, Nr. (1. März), S. 6 (Alliance franco-luxembourgeoise d'Esch-Alz.).[3]
    Escher Tageblatt 1931, Nr. (2. März), S. 5 (Alliance franco-luxembourgeoise d'Esch).[4]