Arno Arthur Wachmann

Vu Wikipedia
Arno Arthur Wachmann
Gebuer 8. Mäerz 1902
Hamburg
Gestuerwen 24. Juli 1990
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Kiel
Aktivitéit Astronom

Den Arno Arthur Wachmann, gebuer den 8. Mäerz 1902 zu Hamburg an och do gestuerwen de 24. Juli 1990 war en däitschen Astronom.

De Wachmann huet Astronomie op der Universitéit Kiel studéiert a säi Studium 1926 mat enger Dissertatioun iwwer d'Eegebeweegung vun de Stären ofgeschloss.

Vun 1927 un schafft hien am Observatoire vun Hamburg. Zesumme mam Arnold Schwassmann huet hien déi periodesch Koméiten 29P/Schwassmann-Wachmann, 31P/Schwassmann-Wachmann an 73P/Schwassmann-Wachmann entdeckt. An de Joren 1938 an 1939 huet hien d'Asteroiden Autonoma, (1501) Baade an Thiele entdeckt.

Am Joer 1969 goung de Wachmann an d'Pensioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]