Arnold Schwassmann

Vu Wikipedia
Arnold Schwassmann
Gebuer 25. Mäerz 1870
Hamburg
Gestuerwen 19. Januar 1964
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Göttingen,
Universitéit vu Leipzig,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser

De Friedrich Karl Arnold Schwassmann, gebuer de 25. Mäerz 1870 zu Hamburg, a gestuerwen den 19. Januar 1964, war en däitschen Astronom.

De Schwassmann promovéiert nom Studium zu Leipzig, Berlin 1891 an zu Göttingen. Hie geet am Joer 1897 an den neien Observatoire um Königstuhl a bleift do bis zu senger Pensioun am Joer 1934.

Hien huet 22 Asteroiden entdeckt, souwéi zesumme mat sengem Kolleeg Arno Arthur Wachmann déi periodesch Koméiten 29P/Schwassmann-Wachmann, 31P/Schwassmann-Wachmann an 73P/Schwassmann-Wachmann.

Entdeckt Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

(435) Ella 11. September 1898 mam Max Wolf
(436) Patricia 13. September 1898 mam Max Wolf
(442) Eichsfeldia 15. Februar 1899 mam Max Wolf
(443) Photographica 17. Februar 1899 mam Max Wolf
(446) Aeternitas 27. Oktober 1899 mam Max Wolf
(447) Valentine 27. Oktober 1899 mam Max Wolf
(448) Natalie 27. Oktober 1899 mam Max Wolf
(449) Hamburga 31. Oktober 1899 mam Max Wolf
(450) Brigitta 10. Oktober 1899 mam Max Wolf
(454) Mathesis 28. Mäerz 1900
(455) Bruchsalia 22. Mee 1900 mam Max Wolf
(456) Abnoba 4. Juni 1900 mam Max Wolf
(457) Alleghenia 15. September 1900 mam Max Wolf
(458) Hercynia 21. September 1900 mam Max Wolf
(905) Universitas 30. Oktober 1918
(906) Repsolda 30. Oktober 1918
(912) Maritima 27. Abrëll 1919
(947) Monterosa 27. Februar 1921
(989) Schwassmannia 18. November 1922
(1192) Prisma 17. Mäerz 1931
(1303) Luthera 16. Mäerz 1928
(1310) Villigera 28. Februar 1932

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]