Astrobiologie

Vu Wikipedia
Nukleinsaiere sinn net déi eenzeg méiglech Biomoleküllen als Grondlag fir lieweg Prozesser.

D'Astrobiologie ass eng interdisziplinär Naturwëssenschaft, déi sech mam Studium vum Urspronk, der Evolutioun, der Verdeelung an der Zukunft vum Liewen am Universum beschäftegt.

Zu der Astrobiologie gehéiert:

  • D'Sichen an d'Erfuersche vun extrasolare bewunnbare Planéiten a Mounden
  • D'Sich no Spuere vun der cheemescher Evolutioun souwéi vu fréierem oder nach ëmmer existéierendem Liewen an eisem Sonnesystem (z. B. Liewen um Mars)
  • Laboratoires - a Feldstudien iwwer den Ursprong vum Liewe souwéi fréi Evolutioun op der Äerd
  • Studien iwwer déi méiglech Adaptéierung vu Liewen op ongaaschtfrëndleche Plaze (extremophil) op der Äerd an am Weltraum

Zil vun deene Fuerschungen ass et, Aussoen a Schlussfollgerungen iwwer den Ursprong an d'Evolutioun vum Liewen op der Äerd a – parallel dozou – am Universum ze maachen an erauszefannen, ob an op wéi eng Aart a Weis Liewe baussenzeg vun der Äerd existéiert oder existéiere kéint.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

E Vulkankamäin huet Extrembedingunge fir lieweg Organismen

Exobiologie war an der Fréizäit vun der Raumfaart de Virgängerbegrëff fir Astrobiologie. Hie bezeechent haut awer nëmmen nach en Deelberäich vun der Astrobiologie. 1959 hat d'NASA hiren éischte Exobiologie-Projet gestart, am Joer drop en Exobiologie-Programm bis schliisslech 1996 den Astrobiologie-Programm gegrënnt gouf. 1998 gouf den NASA Astrobiology Institute gegrënnt.

D'Bezeechnung Astrobiologie gouf warscheinlech an den 1930er Jore vum Ary J. Sternfeld an 1941 vum L. J. Lafleur an enger wëssenschaftlecher Publikatioun benotzt.[1],[2],[3] Den Astronom Otto von Struve huet d'Bezeechnung an den 1950er Jore benotzt, an d'NASA huet den Numm 1995 fir hiren astrobiologeschen Institut iwwerholl.[4].

An den 1950er- an 1960er-Jore gouf d'Astrobiologie staark kritizéiert, z. B. als „Wëssenschaft, déi nach weise muss, datt hire Fuerschungsobjet existéiert“ (George Gaylord Simpson, 1964), oder och vum Otto von Struve, deen 1955 fonnt huet, datt „d'Zäit nach net räif“ fir d'Astrobiologie ass.

1982 huet d'International Astronomesch Unioun (IAU) eng Fuerschungskommissioun Bio-Astronomie (Divisioun III Kommissioun 51 Bio-Astronomy) gegrënnt.[5],[6],[7]

An den 1950er Joren huet sech den Astrophysiker Gawriil Adrijanowitsch Tichow[8] an der fréierer Sowjetunioun mat astrobiologesche Froe befaasst. Den Tichow huet den Institut fir Astrobotanik zu Almaty geleet, dee bis 1960 existéiert huet.[9]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Danielle Briot: Is it the first use of the word Astrobiology ? In: arXiv [physics]. 2012,.
  2. L. J. Lafleur: Astrobiology. In: Leaflet of the Astronomical Society of the Pacific. 3, 1941, S. 333,.
  3. Astrobiology. daviddarling.info, gekuckt den 28. August 2013.
  4. S. Dick: The Living Universe: NASA and the Development of Astrobiology. 2004, S. 283 (Online archive.org, gekuckt den 28. August 2013).
  5. What is Bioastronomy? The International Astronomical Union's Commission 51.
  6. Division III Commission 51 Bio-Astronomy. Bei: iau.org. Gekuckt den 22. Mäerz 2011.
  7. M. D. Papagiannis: Report of IAU Commission 51: Search for extraterrestrial life. NASA ADS. Gekuckt den 22. Mäerz 2011.
  8. Tikhov, Gavriil Adrianovich (1875–1960). Bei: daviddarling.info.
  9. Iosif S. Šklovskij, Carl Sagan: Intelligent life in the universe. Holden-Day, San Francisco 1966. preface, viii.