Astronauteniessen

Vu Wikipedia
Russescht Kosmonauteniessen

Kosmonauten- oder Astronauteniessen ass dat Iessen dat Raumfuerer bei enger Missioun mathuelen. Et ass a Plastikstuten oder Tübe verpaakt.

D'Astronauteniesse gouf an den 1960er Joren, also an der Zäit tëscht dem éischte Mënsch am All Juri Gagarin (1961) an der éischter Moundlandung vun Apollo 11 (1969), entwéckelt. Ufanks hat et d'Form vu klenge gepresste Wierfelen, fir de Raumfuerer mat Fetten, Proteinnen a Vitaminnen ze versuergen. Als Gedrénks gouf steriliséierten Äppelkompott geholl, well d'Iessen huet liicht verdaulech misse sinn.

Spéider gouf aus de Wierfele gedréchent Iessen dat virum Anhuele mat Waasser zu enger Molzecht huet misse vermëscht ginn. D'Iessen huet wéinst dem Schankenofbau an der Schwéierlosegkeet e besonnesch héijen Deel vu Kalzium missen enthalen.

An der Tëschenzäit kënne sech z. B. d'Astronaute vun der NASA hire Weltraummenü aus 74 Iesswueren an 20 Zorte Gedrénks zesummestellen. D'Molzechte gi vu Liewensmëttelsexperten op genuch Nierstoffer iwwerpréift, well de Mënsch an der Schwéierlosegkeet manner Honger an Duuscht spiert. Mat Salzwaasser, Peffer an Ueleg kann nogewierzt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]