Atacamawüst

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Atacama-Wüst)
Lag vun der Atacama (giel).
Valle de la Luna "Mound-Dall"

D'Atacamawüst ass eng Wüst a Südamerika. Se zitt sech laanscht d'Pazifikküst iwwer ronn 1200 Kilometer tëscht dem 18. an dem 27. Breeedegrad Süd, also ongeféier tëscht de Stied Tacna am Süde vum Peru a Copiapo am Norde vum Chile.

Si ass eng vun den dréchenste Landschafte op der Äerd. An hirem zentrale Beräich gëtt et zënter op d'mannst 15 Millioune Joer en hyperarid Klima. Et gëtt Plaze wou zënter Joerzéngte keng eng Drëps Ree registréiert gouf. An der Atacamawüst fällt fofzegmol manner Ree wéi am Death Valley an den USA. De südleche Beräich vun der Atacama, tëscht dem 24. an dem 27. Breetegrad, war bis um Ufank vum 21. Joerhonnert komplett onbesidelt.

D'Atacama läit am Reeschiet vun den Anden; den Ostwand ass dréchen a bréngt keng Néierschléi. No bei der Küst verhënnert eng kal Stréimung am Mier, den Humboldtstroum, datt Reewolleken entstinn, sou datt, anescht wéi méi am Norden oder Süden, kee "Steigungsreen" fällt. Duerch dat kaalt Mierwaasser ass et an der Atacama kill a besonnesch laanscht d'Küst dacks niwweleg. Duerch d'Auswierkunge vum Klimaphenomeen El Niño, bei deem den Humboldtstroum zeréckbleift, kënnt et all 6 bis 10 Joer zu staarkem Reen. Doduerch stinn da fir kuerz Zäit, vill Planzen an der Wüst an der Bléi. Bei besonnesch staarke Schliet kënnt et geleeëntlech zu Äerdrëtsch an Zerstéierunge vun Infrastrukturen (Stroossen, Leitungen, Gebaier).

D'Temperaturen an der Wüst variéiere staark tëscht 30 °C am Dag a bis zu –15 °C an der Nuecht.

Wéinst dem dréchene Wüsteklima goufe gläich e puer astronomesch Observatroiren an de Bierger vun der Atacamawüst opgeriicht: La Silla a Las Campanas leie ronn 50 km südlech vu Vallenar. Um Bierg Cerro Paranal – 120 km südlech vun der Hafestad Antofagasta – huet den Europäesche Südobservatoire de Paranal-Observatoire opgeriicht. Nach aner Teleskope sinn den Atacama Large Millimeter Array an d'Atacama Pathfinder Experiment. Dës Weideren ass um Cerro Armazones den E-ELT, ee vun de gréissten Teleskope vun der Welt, am Gaang, gebaut ze ginn.

D'Mineral Atacamit gouf 1801 an dëser Wüst entdeckt a gouf no hir genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sir Ranulph Fiennes, Sebastian Junger u. a.: Extreme der Erde. National Geographic Deutschland, Hamburg 2004, S. 100, ISBN 3-936559-31-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Atacamawüst – Biller, Videoen oder Audiodateien