Op den Inhalt sprangen

Auguste Engelspach-Larivière

Vu Wikipedia
Auguste Engelspach-Larivière
Gebuer 7. Mee 1799
Bréissel
Gestuerwen 22. Juli 1831
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Educatioun École nationale des mines vu Paräis
Aktivitéit Mineralog, Geolog, Auteur
Member vun Accademia delle Scienze di Torino
Famill
Bestuet mat Adèle Monnoye
Kanner Emilia Engelspach, Léon Engelspach

Den Auguste Engelspach-Larivière, gebuer de 7. Mee 1799 zu Bréissel, an do gestuerwen den 22. Juli 1831[1], war e belsche Geolog a Mineralog, deen zu de Pionéier vun der Lëtzebuerger Geologie zielt.[2]

Den Engelspach-Larivière ass am Alter vun 20 Joer an d'École des mines vu Paräis opgeholl ginn. Zwee Joer dono huet hien eng laang geologesch Studierees duerch Europa ënnerholl, déi hien duerch Norddäitschland, Dänemark, Schweden, Norwegen, Russland, Holland, Frankräich, d'Schwäiz an England geféiert huet.

Am Joer 1824 publizéiert hie säin « Essai géognostique sur les environs de Saint-Petersbourg ». Am Joer 1828 gëtt säi Mémoire mam Titel « Description géognostique du Grand-Duché de Luxembourg suivie de considérations économiques sur ses richesses minérales », deen hie beim Concours vun der « Académie royale des Sciences et Belles-Lettres » vu Bréissel presentéiert hat, präisgekréint an ausgewielt fir publizéiert ze ginn, grad ewéi och den « Essai d'une description géognostique du Grand-Duché de Luxembourg » vum Johannes Steininger.

Den Engelspach-Larivière huet eng wichteg Roll an der belscher Revolutioun vun 1830 gespillt. Hie war Member vun der Commission d'ordre public, déi den 23. September 1830 konstituéiert gouf. Si gouf den Dag drop, de 24. September, vun der Commission administrative ofgeléist, an där den Engelspach-Larivière net Member war, déi hien awer mam Titel Agent général domat chargéiert huet, den Approvisionnement vu Bréissel mat Liewensmëttel, a virun allem och mat Polver a Munitioun, z'assuréieren. De 26. September huet sech d'Commission administrative als provisoresch Regierung etabléiert. Den Engelspach-Larivière huet seng Funktioun als Agent général bis den 30. September 1830 weider behalen.

Den Engelspach-Larivière huet sech 1823 zu Paräis mat der Marie Josèphe "Adèle" Monnoye, déi 1798 zu Bréissel gebuer gouf, bestuet a war de Papp vun 2 Kanner: Léon (1826-1864) an Emilia (1829).[3] Hien ass den 22. Juli 1831 am Alter vun 32 Joer un engem Schlag gestuerwen. Duerch d'Gesetz vum 22. Juli 1834 krut seng Wittfra järlech eng Rent vu 1.500 Frang accordéiert.[4]

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Engelspach-Larivière, A., 1824. Essai géognostique sur les environs de Saint-Petersbourg. P. M. Vroom, Bruxelles, 34 p.
  • Engelspach-Larivière,1826. Sur le gisement du calcaire magnésien dans la province de Liège. Messager des Sciences et des Arts, Recueil publié par la Société royale des Beaux-Arts et des Lettres et par celle d'Agriculture et de Botanique de Gand, année 1826, p. 92-95. [1]
  • Engelspach-Larivière, A., 1828. Description géognostique du Grand-Duché de Luxembourg suivie de considérations économiques sur ses richesses minérales. M. Hayez, Bruxelles, 163 p., annexes (Mémoires couronnés de l'Académie Royale des Sciences et Belles-Lettres). [2]
  • Engelspach-Larivière, A., 1928. Mémoire sur un silicate d'alumine considéré sous le rapport chimique, minéralogique et géologique. Bruxelles, 15 p.
  • Engelspach-Larivière, A., 1829. Sur un silicate d'alumine considéré sous le rapport chimique, minéralogique et géologique. Annales des mines ou Recueil de mémoires sur l'exploitation des mines, Série II, t. V, p. 510-524.
  • Engelspach-Larivière, A., 1829. Considérations sur les blocs erratiques de roches primordiales, Bruxelles, 32 p. [3]
  • Engelspach-Larivière, A., 1830. De la géognosie considérée dans ses différents rapports. Messager des Sciences et des Arts, Recueil publié par la Société royale des Beaux-Arts et des Lettres et par celle d'Agriculture et de Botanique de Gand, année 1939-1830, p. 415-430.
  • Alvin, L., 1878. Auguste Engelspach dit Larivière. Biographie Nationale de Belgique 6: col. 585-600.
  • M., Ch., 1831. Notice sur la vie et les travaux de M. Engelspach-Larivière. Bulletin des Sciences naturelles et de Géologie, Paris, IIe Section du Bulletin universel t. 24: 290-292. [4]
  • Massard, J. A., 1995. Les pionniers de la géologie luxembourgeoise: Steininger, Engelspach-Larivière et les autres. In: J.A. Massard (éd.): L'Homme et la Terre. Mens en Aarde. Mensch und Erde. Actes du 13e Congrès Benelux d'Histoire des Sciences, Echternach (Luxembourg), 1995. Luxembourg: 127-170. PDF
  • Wey, C., Foni Le Brun & Leonardo López Luján, 2020 Des savants humboldtiens: dans le sillage de Humboldt (I) – Aux origines des études géologiques sur le Luxembourg: les scientifiques Johannes Steininger (1794-1874) et Auguste Engelspach-Larivière (1799-1831). Die Warte 16.01.2020: 4-5, Nr. 37.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Am Stierfakt steet den 22. Juli 1831. – Beim Alvin (1878) steet den 23. Juli; dëse falschen Datum ass vun aneren Auteuren, z. B. Massard 1996, iwwerholl ginn.
  2. Massard 1996.
  3. Geneanet.
  4. Pasinomie, Bruxelles 1834, S. 149-150.