Aunois

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Aunois op franséischen topographesche Kaarten als Ruisseau de l'Aunois ze fannen, ass eng belsch-franséisch Baach an der Provënz Lëtzebuerg, an am Departement Ardennes. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Kuer.

D'Aunois entsteet an der Belsch um Territoire vun der Sektioun Muno an der Gemeng Florenville, duerch den Zesummelaf vun e puer Baachen an engem Ëmkrees vun ongeféier 1.500 Meter zu Muno selwer, a südlech vun der Uertschaft, op enger Héicht vu ronn 220 Meter.

Et sinn dëst:

No dem Zesummelaf vun dëse Baachen heescht de Waasserlaf Ruisseau du Tremble. Deen Numm behält d'Baach bis op d'franséisch Grenz um Lieu-dit Ermitage.

A Frankräich leeft se dann duerch d'Gemenge Messincourt, Pure, Osnes a Carignan, fir no engem Laf vu ronn 10.300 Meter bei Carignan um Lieut-dit La Tréfilerie op enger Héicht vun 163 Meter an d'Kuer ze lafen.

Nieweflëss[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich[änneren | Quelltext änneren]