Barbara Ann Scott

Vu Wikipedia
Barbara Ann Scott
Gebuer 9. Mee 1928
Ottawa
Gestuerwen 30. September 2012
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Kanada
Aktivitéit Äiskonschtleefer

D'Barbara Ann Scott gebuer den 9. Mee 1928 zu Ottawa am Ontario ass eng fréier kanadesch Äiskonschtleeferin.

D'Barbara fänkt ganz jonk u mat lafen a mat 11 Joer ass si ewell kanadesch Meeschterin am Nivo Junior. 1942 ass si déi éischt Fra déi een Duebele Lutz spréngt. Si krut den Numm "Canada's sweetheart".

Vun 1945 bis 1948 ass si nordamerikanesch Meeschterin. 1947 gëwennt si d'Europameeschterschaft am Äiskonschtlaf an d'Weltmeeschterschaft. Op den Olympesche Wanterspiller vun 1948 kritt si eng Goldmedail. Am Juni vum selwechte Joer gëtt si Profi an ersetzt d'Sonja Henie als Haaptäisleeferin an den Hollywood Ice Revues.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

  • Olympesch Spiller
  • Weltmeeschterschaften
    • Or Goldmedail op der Weltmeeschterschaft 1948 zu Davos
    • Or Goldmedail op der Weltmeeschterschaft 1947 zu Stockholm
  • Kanadesch Landesmeeschterschaften
    • Or Goldmedail 1944 bis 1946 a 1948
    • Argent Sëlwermedail 1941 a 1942
    • Or Goldmedail (Junior) 1940

D'Barbara Ann Scott an de Film[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Barbara Ann Scott – Biller, Videoen oder Audiodateien