Baruch Samuel Blumberg
Baruch Samuel Blumberg | |
---|---|
Gebuer |
28. Juli 1925 Brooklyn |
Gestuerwen |
5. Abrëll 2011 Mountain View |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Balliol College, Columbia University, Columbia University College of Physicians and Surgeons, Union College, Far Rockaway High School |
Aktivitéit | Dokter, Anthropolog, Virolog, Universitéitsprofesser, Erfinder, Biochimist, Geneetiker |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences |
De Baruch Samuel Blumberg, gebuer den 28. Juli 1925 zu Brooklyn (New York), a gestuerwen de 5. Abrëll 2011[1], war en US-amerikanesche Wëssenschaftler. Zesumme mam Daniel Gajdusek huet hien 1976 de Medezin-Nobelpräis kritt fir seng Entdeckung, wéi ee mat neie Methoden den Ursprong an d'Verspreede vun ustiechende Krankheeten erkläre kann. De Blumberg hat de Virus vun der Hepatite B identifizéiert, a méi spéit en Test entwéckelt, fir d'Krankheet ze diagnostizéieren, an och en Impfstoff dergéint.
Hien hat Mathematik, duerno Medezin studéiert, 1951 en Doktorat an der Medezin gemaach, an 1957 zousätzlech e Ph.D. an der Biochimie.
Hien huet op verschiddenen amerikaneschen Universitéiten, an och zu Oxford enseignéiert, a gouf 1999 fir 3 Joer Direkter vum NASA Astrobiology Institute vum Ames Research Center zu Moffett Field a Kalifornien.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Baruch S. Blumberg: Hepatitis B. The hunt for a killer virus. Princeton University Press, Princeton NJ 2002, ISBN 0-691-00692-X.
- Harvey Alter: Baruch Blumberg (1925–2011). In: Nature, Band 473, 2011, S. 155,
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Baruch Samuel Blumberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Baruch Blumberg, Who Discovered and Tackled Hepatitis B, Dies at 85 nytimes.com, ofgeruff den 22. Dezember 2011