Basescht Gestengs

Vu Wikipedia

Basescht Gestengs ass e magmatescht Gestengs mat engem SiO2-Gehalt tëscht 45 an 52 Gewiichtsprozent. Gestengs mat niddregerem SiO2-Gehalt gëtt ultrabasescht Gestengs, eent mat méi héijem Gehalt intermediäert (52 bis 63 %) oder sauert Gestengs (méi wéi 63 %) genannt. Metamorph iwwerprägt basescht Gestengs gëtt ënner dem Numm Metabasit zesummegefaasst.

Charakteristika[änneren | Quelltext änneren]

Basescht Gestengs besteet aus Siliciumdioxid-aarme Feldspate wéi Plagioklas an dacks aus mafesche Mineralen wéi Pyroxen an Amphibol. Wéinst dem Gehalt vu 45 bis 52 % kann e basescht Gestengs entweeder SiO2-iwwersiedegt oder -ënnersiedegt sinn. Am éischte Fall enthält et fräie SiO2 a Form vu Quarz oder Cristobalit, am zweete Fall amplaz Olivin oder Mineraler aus der Grupp vun de Foiden. Obwuel net genee gläichbedeitend, ginn d'Begrëffer basescht Gestengs, mat Bezuch op de relativ klengen SiO2-Gehalt vum Gestengs, an mafischt Gesteng, mat Bezuch op de relativ héijen Deel vu mafische Mineralien, dacks synonym gebraucht, well an der Reegel dat eent mat deem aneren zesummegeet. Dementspriechend weist basescht Gestengs dacks eng däischter Fierwung.

Typesch Vertrieder fir d'Grupp vum basesche Gestengs si Gabbro (e Plutonit), Dolerit (Subvulkanit) a Basalt (Vulkanit).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • R. W. Le Maitre et al.: Igneous Rocks: A Classification and Glossary of Terms: Recommendations of the International Union of Geological Sciences Subcommission on the Systematics of Igneous Rocks. 252 S., Cambridge University Press 2005. ISBN 978-0-521-61948-6