Op den Inhalt sprangen

Basilika vum Hellegen Häerz zu Bréissel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Basilika vum Hellegen Häerz zu Bréissel
Land Belsch
Gemeng Koekelberg,
Ganshoren
Koordinaten Lua-Feeler am Modul:Wd an der Zeil 1105: attempt to perform arithmetic on local 'precision' (a nil value).
Baustil Art Deco
Architekt(en) Pierre Langerock
Datum vum Bau 12. Oktober 1905
Opgaangen 13. Oktober 1951
bannen der Basilika

D'Basilika vum Hellegen Häerz zu Bréissel steet um Plateau zu Koekelberg, enger vun den 19 selbstännege Gemenge vun der Haaptstadregioun Bréissel.

De laangen Ulaf

[änneren | Quelltext änneren]

De Léopold I. hat sech schonn dermat beschäftegt, op de Koekelberg, dee Bréissel dominéiert, seng Residenz opriichten ze loossen. Dozou ass et awer zu senge Liefzäite net méi komm. De Léopold II. wollt op der selwechter Plaz eng Zort Pantheon baue loossen, op dee groussaarteg Alleeë sollten zougoen. Dorun erënneren haut nach d'"Avenue des Gloires nationales" an d'"Avenue du Panthéon". Dee Projet war der kathoulescher Bourgeoisie, déi zu där Zäit um Rudder war, net reliéis genuch.

Do huet et sech erginn, datt de belsche Kinnek 1902 de Schantje vun der Basilika vum Hellegen Häerz zu Paräis um Hiwwel vu Montmartre besicht hat, an op d'Iddi koum, fir de 75. Joresdag vun der belscher Onofhängkeet, um Koekelbierg nach méi eng grouss Nationalkierch bauen ze loossen.

De Projet vum Architekt Pierre Langerock vu Louvain, deen eng neogotesch Kathedral virgesinn hat, gouf vun enger Jury ugeholl an den 12. Oktober 1905 huet de Kinnek de Grondstee geluecht. Well déi Käschten alles an de Schiet gestallt hunn, dat disponibel war, huet de Kinnek sech bereet erkläert aus senger Privatkassett bäizedroen. De Koffer, dee fir de Kuppeldaach benotzt gouf, staamt aus dem Kinnek sengem private Besëtz dem Belsche Kongo. 1909 ass de Kinnek gestuerwen, a vun der Kierch war nach net vill ze gesinn.

De laange Schantjen

[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'kathoulesch Kierch an der Belsch opgeruff hat, fir Donen ze maachen, konnt mam Schantje lues a lues weidergefuer ginn. Den Éischte Weltkrich huet dat Ganzt awer nees gestoppt. No de Pläng vum Albert Van Huffel, dee sech en neo-byzantinesche Still afale gelooss hat, dee vu Bauhaus-Elementer duerchwuess war, gouf 1926 nees mam Baue weidergemaach.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Commons: Basilika vum Hellegen Häerz zu Bréissel – Biller, Videoen oder Audiodateien