Bassekou Kouyaté

Vu Wikipedia
Bassekou Kouyaté
Gebuer 1966
Mali
Nationalitéit Mali
Aktivitéit Museker, Sänger

De Bassekou Kouyaté, gebuer 1966 am Duerf Garana bei Ségou,[1] ass en N'goni-Museker aus dem Mali.[2] Säi Repertoire baséiert op der Bambara-Kultur.[3]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Bassekou Kouyaté gouf am klengen Duerf Garana am Mali gebuer, dat ongeféier 60 km vu Ségou ewech läit. Hien ass an enger renomméierter Griot-Famill opgewuess. Seng Mamm, d'Yagaré Damba, war eng Sängerin a scho säi Papp, de Moustapha Kouyaté, war ee bekannten N'goni-Spiller.[4] Och de Bassekou Kouyaté huet am Alter vu sechs Joer ugefaangen, dat Instrument ze spillen.[2]

Well säi Papp krank war huet de Bassekou 1979 seng Mamm als N'goni-Spiller op hir Tournée an d'Côte d'Ivoire an an de Burkina Faso begleet.[4] Mat 19 ass hien an d'Haaptstad Bamako geplënnert, wou hien 1987 de jonken Toumani Diabaté kennegeléiert huet.[5] An de spéiden 1980er Jore ass hien dacks mam Toumani senger Grupp am Mali an an der Regioun opgetrueden an huet och op sengen Albume Songhai (1989) an Djelika (1995) gespillt.[3]

1990 huet hien op engem Banjo-Festival am Tennessee gespillt, wou hie vum bekannten amerikanesche Blues-Museker Taj Mahal bemierkt gouf, mat deem hie spéider e puermol opgetrueden ass.[5]

Ufank der 1990er huet hie Concerte mam Toumani Diabaté a mam Balafon-Spiller Kélétigui Diabaté gespillt.[5] 2003 huet hie mat senger Fra, der Sängerin Amy Sacko, an anere Museker d'Grupp Samagéra gegrënnt, déi ënner anerem an Holland an der Belsch opgetrueden ass.[4]

Spéider huet hien, erëm mat senger Fra an anere Familljememberen, d'Grupp Ngoni ba gegrënnt. Fir hiren éischten Album Segu Blue (2007) gouf si an de Kategorië "Beschten Album" a "Beschten afrikanesche Kënschtler" mam Musekspräis BBC Radio 3 World Music Award ausgezeechent.[6],[7] Den zweeten Album I Speak Fula (2009) gouf fir e Grammy Award nominéiert. Am Mäert 2012, matzen am Konflikt am Mali, ass den Album Jama Ko opgeholl ginn, deen d'Joer drop verëffentlecht gouf.[4] Am Fréijoer 2015 ass de véierte Studiosalbum Ba Power erauskomm, mat deem d'Grupp och an Europa op Tournée geet.[8]

2008 gouf de Bassekou Kouyaté zum Chevalier de l'ordre national du Mali ernannt.[2]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albume vum Bassekou Kouyate & Ngoni ba:

  • 2007: Segu Blue
  • 2009: I Speak Fula
  • 2013: Jama Ko
  • 2015: Ba Power
  • 2019: Miri

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Bassekou Kouyaté an der Däitscher Nationalbibliothéik (gekuckt den 11. Mee 2015)
  2. 2,0 2,1 2,2 malikounda.com: ENTRETIEN AVEC BASSEKOU KOUYATE: "Nous les artistes, nous nous battons pour vendre l'image du Mali aux touristes, ce n'est pas en ce moment que nous allons faire la guerre..." (6. Abrëll 2012)
  3. 3,0 3,1 Out Here Records: BASSEKOU KOUYATE & Ngoni ba – Segu Blue (gekuckt den 11. Mee 2015)
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 musiques-afrique.com: Biographie (gekuckt den 11. Mee 2015)
  5. 5,0 5,1 5,2 abidjan.net. Biographie (gekuckt den 11. Mee 2015)
  6. SF Jazz: Presentatioun (gekuckt den 11. Mee 2015)
  7. soundcrashmusic.com: Bassekou Kouyate – Ba Power (Album Launch) (gekuckt den 11. Mee 2015)
  8. f-cat.de: Mali Blues: Bassekou Kouyaté & Ngoni Ba (gekuckt den 11. Mee 2015)