Bausch
Ausgesinn
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Bausch ass e Familljennumm.
D'Etymologie vum Numm "Bausch" géing entweeder zeréck op mhd. būsch ("Knätzel, Knujel") oder awer op eng kontraktéiert Genitivform vu "Bauer" (cf. "Bauesch").[1]
Ë. a. dës Persounen hunn deen Numm:
- Andy Bausch (* 1959), lëtzebuergesche Filmregisseur;
- Armando Bausch (1937- 2008), lëtzebuergeschen Auteur, Journalist a Schlagersänger;
- Danièle Bausch (* 1981), lëtzebuergesch Basketballspillerin a Sportswëssenschaftlerin;
- Dotsie Bausch (* 1973) US-amerikanesch Vëlossportlerin;
- Etienne Bausch (1901- [?]), lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik;
- François Bausch (* 1956) lëtzebuergesche Politiker;
- Gusty Bausch (* 1980) lëtzebuergesche Cyclo-Cross-Coureur;
- James "Jim" (Aloysius Bernard) Bausch (1906-1974), US-amerikanesche Liichtathleet vu Lëtzebuerger Ofstamung;
- Jean-Pierre Bausch (1891-1935), lëtzebuergesche Mineur, Gewerkschaftler a Politiker;
- Jill Bausch (1991), lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- Nik Bausch (1897-1943), lëtzebuergesche Mineur, Gewerkschaftler a Resistenzler, 1943 am KZ Mauthausen ermuert;
- Norbert ("Bob") Bausch, (*1946), fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller;
- Philippine "Pina" Bausch, (1940-2009), däitsch Dänzerin a Choreographin;
- Richard Bausch (*1945), US-amerikanesche Schrëftsteller;
- Romain Bausch (*1953), lëtzebuergeschen Ekonomist a Manager.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Fiche "Bausch" am Luxemburger Familienatlas, lfa.uni.lu; gekuckt 02.05.2013.