Beckerelli

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Varietékënschtler Jean Becker. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Becker.

De Johann Joseph Friedrich Becker oder Jean Becker, besser bekannt ënner sengem Kënschtlerpseudonym Beckerelli; gebuer 1860 zu Köln a gestuerwen 1933[1], war en däitschen Illusionist.

Hien huet vun 1880 bis 1914 zu Lëtzebuerg op der Gare an der rue du Fort Bourbon Nr. 10 gewunnt an huet deemools zu deene bekanntsten a populäerste Varieté-Kënschtler gezielt. E gouf souguer vum Groussherzog Adolphe zum "Haffkënschtler" ernannt. En ass zäitweis och als "Professor" Beckerelli opgetrueden. 1914 ass e wéinst dem Krich an d'Schwäiz, op St. Gallen geplënnert, wou e weiderhi vill Succès hat.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Beckerellis Wiederkunft." Tagblatt Online, 26. März 2011, 01:08 Uhr.
  2. "Beckerelli - ein Meister der Magie in Luxemburg." Annonce fir eng Konferenz vun der BNL, den 21-10-2013, op bnl.public.lu.