Belle-Croix (Jalhay)

Vu Wikipedia
Belle-Croix
D'Kräiz op der Kräizung Belle-Croix
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Jalhay
Koordinaten 50° 31’ 59.02’’ N
      06° 02’ 50.22’’ O

D'Belle-Croix ass e Lieu-dit am héije Venn an der belscher Gemeng Jalhay op der Kräizung vun der N672 mat der N68.

Op der lénkser Säit vun der N672 wann ee vu Jalhay kënnt steet e 5 Meter héicht Kräiz mat engem gekräizegte Christus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vu waterengem Kräiz den Numm Belle-Croix hierkënnt ass net méi bekannt mä et steet fest datt en net vum Kräiz kënnt dat haut de steet well dat eréischt 1961 opgeriicht gouf. Et gëtt ugeholl datt awer op där Plaz, schonn éier eng Strooss dohinner gefouert huet e besonnesch schéint Kräiz stoung, sou wéi der vill am Héije Venn doruechter verspreet stinn. Eng zweet Versioun fir d'Hierkonft vum Numm erzielt vun engem schéine Kräiz dat en Onbekannte wärend dem Bau vun der Auberge de la Belle-Croix op d'Schwell vun der Hausdier geluecht hätt an datt dunn d'Wierthaus den Numm Belle-Croix krut.

Bei der Belle-Croix hat sech ëm 1875 den Adophe François, en Zabottemécher an enger Heip installéiert, déi sech nodeem do eng Strooss gebaut gi war zu enger klenger Auberge entwéckelt huet.[1] Déi gouf bei engem Feier 1912 zerstéiert an duerno huet d'Juegdgesellschaft Hertogenwald do e grousst Juegdhaus opgeriicht, dat am Ufank vum Zweete Weltkrich an d'Luucht gesprengt gouf. Un den Zabottemécher erënnert haut nach de Flouernumm Au sabotier vis-à-vis vum Kräiz.

D'Kräiz gouf 1961 ageweit a war op Wonsch vun der kinneklecher Famill op engem Wutz Terrain deen hinne gehéiert huet, ënner der Opsiicht vum deemolege Paschtouer Lejeune opgeriicht ginn. De Christus war aus engem zwéi Meter héije Stack Eechenholz vum Raerener Kënschtler Léon Mennicken erausskulptéiert ginn.[2] Duerno gouf d'Kräiz tëscht 2009 an 2011 vum Restaurateur Josy Moureau komplett an d'Rei gesat. Dobäi gouf dat aalt Kräiz dat praktesch ganz vermuuscht war mat engem neien ersat, an d'Christusskulptur gouf rafistoléiert.

Déi zwou stenge Skupture lénks a riets vum Kräiz sollen déi zwee Haiser duerstellen déi virdrun op där Plaz stoungen.

Vis-à-vis vum Kräiz laanscht d'Nationale 68 ass och nach eng Raritéit z'entdecken nämlech ee vun de wéinege fréiere Kilometersteng, wéi se bis virum zweete Weltkrich an der ganzer Belsch op de Kräizungen ze fanne waren. Dee Kilometersteen hat de Malmedyer Historiker Ferdy Théatre 1993 duerch Zoufall am Venn net wäit vun der Kräizung erëmfonnt. 1994 gouf d'Maark du restauréiert an nees laanscht d'Strooss opgestallt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Belle Croix de Jalhay – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Informatioun op Postkaarte vu virum Krich
  2. Info op Miniardenne