Benotzer Diskussioun:Harpehuhn~lbwiki

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Briséis 23:50, 8 Sep 2004 (UTC)

Userunzuel[Quelltext änneren]

Ma aktiv si mer am Moment zu 5, déi ganz Lëscht ween alles bei eis ageschriwwen ass kanns de hei kucken: Special:Listusers. :)

Briséis 23:50, 8 Sep 2004 (UTC)

Gudden Owend. Schéin, dass de mat derbäi bass. Et geet natiirlech um Ufank drëm, fir eppes op d'Been ze bréngen. Wanns de Virschléi oder Froen hues, da looss se mol kommen. Et wier léif, fir mol gewuer ze ginn, was de sou wëlles hues. Mär liesen äis. --Cornischong 21:45, 9 Sep 2004 (UTC)

Allgemengen Blabla :)[Quelltext änneren]

Majo, déi 5 oder esou daat sin déi, wéi ech, wéi de Cornischong, Thorben oder de Pir, déi am Moment aktiv matschaffen. E puer vun de registréierte User sin der och déi fir eis "indirekt" matschaffen, sou zum Beispill den Suisui vun der englescher Wikipedia, deen e bessen mat de Links kontrolléiert, idem fir de Robin des Bois.

Zu de Richtlinnen: e puer gängeg "Konventiounen a Regelen" fënns de hei:

Fir méi Info, einfach op der Kommunautéitssäit bessi surfen :) (Wikipedia:Communautéitssäit).

Zu den anere User kann ech éierlech gesoot nët vill soen, do sin der vill déi stin zwar do, mee vill gelies hun ech vun deenen leider nach net :)

Ech hoffen daat beäntwert emol dringend froen :)

Briséis 00:32, 10 Sep 2004 (UTC)

Merci mol, mir treffen eis nach hei Harpehuhn 10:18, 10 Sep 2004 (UTC)

Mail ukomm; Äntwert fort. Looss vun der liesen. (Niewebäi gesot, du sichs der awer keng kleng Grimmelen eraus). --Cornischong 21:40, 22 Sep 2004 (UTC)

IRC - Kanal am Freenode[Quelltext änneren]

Salut, ech hun elo endlech den Kanal am Freenode registreiert.

Fir all dei dei Interesseiert sin:

irc.eu.freenode.net "Raut"lb.wikipedia

ech keint vlait nach een oder den aaneren op gebrauchen, wann also nach een erfahrungen mat irc huet wier et fein wann en mer einfach geng eng mail schecken entweder bob at hentges punkt net oder bob punkt hentges at gmail punkt com.

voila ;-)

--maradong 15:19, 23 Sep 2004 (UTC)

Säiten déi et net gin etc[Quelltext änneren]

Sali,

Ech hun emol deng zwou Weltkrichssäiten geännert. D'Iddi an sech ass gudd, ech maachen daat just ëmmer mat Skizzen. Du kanns der jo als Beispill Zweete Weltkrich ukucken. Do stin lénks all d'Wiki links an dann eben uewen de léiwe klengen Message.

--Briséis 11:14, 24 Sep 2004 (UTC)

Geschichtleches[Quelltext änneren]

Mam Iwwersetzen u sech ass an deem Sënn keng domm Iddi well et effektiv eng Source vun Informatiounen ka sin. Do sin ech awer trotzdem ëmmer ganz virsiichteg, well munchmol steet bei eise léiwen Noperen de gréisste Kabes. Waat d'Geschicht ubelaangt wees ech bei der franséischer Wiki meng Referenz fir secher ze sin datt et kee Kabes ass, daat ass do den Treanna, en Historiker. Deen huet och scho mol meng Wurschtlereien doiwer verbessert. Natiirlech fënns de awer op kenger Wiki eppes waat spezifesch op Lëtzebuerg geriicht ass, waat jo och normal ass, jiddfereen kuckt aus éischt mol waat säi Land domadden zedin huet.

Deng ganz extrem präzis Fro wees ech der leider net ze beäntwerten, 20. Joerhonnert ass net meng Spezialitéit, ech wurschtele méi bei Réimer a Griiche ronderem :) Mee ech mengen et gi genuch Bicher zum Zweete Weltkrich, wou een alles erëmfennt.

--Briséis 19:33, 24 Sep 2004 (UTC)

Mat an d'Rad[Quelltext änneren]

Salut. Flott datt's de mat an d'Rad gees. --Cornischong 12:53, 27 Sep 2004 (UTC)

Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt[Quelltext änneren]

03:13, 18. Mäe. 2015 (UTC)

Ëmbenannt[Quelltext änneren]

09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)