Benotzer Diskussioun:Renderwander

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Duerch Zoufall hun ech gescht erausfonnt dass et jo och e Wiki op Letzebuergesch gett a si begeeschtert vun der Art a Weis wéi hei do dru geschafft get.

Ech fannen et och gudd dass dier hei Weärt op d´Rechtschreiwung haalt, normalerweis (wann en et schreift wéi een et wellt esou wéi ech ;) ) as et emmer schwéier et ze liesen. Ech hun welles daat ze léieren.

Wéi as daat eigentlech mat deem waat der schreift, as daat einfach aus dem Kapp op d´Blaat oder wéi? Oder get do och emol en Text geholl an emformuléiert, vun iergendwou mussen d´Informatiounen jo schliesslech hierstaamen.

Ui ech gesi grad do gin et jo ganz vill Diskussiounen hei, ech misst déi mol eng Kéier liesen d´steet bestemmt alles dran. Ech hun en neit Internetforum op open-democracy.net an hun opjiddferfall welles fier Verweiser op des Säit ze maachen wann et sech iergendwéi ubid. Ech kucken och fier engl. Begreffer déi am Forum genotzt gin op deser Säit ze erklären. Saache wéi Forum, Thread, Topic, User, etc.

Vielleicht weess jo een op et fier solch Wieder och scho letzebuergescher gin déi établéiert sin. Mäi Clavier as op däitsch agestallt, weess do een wéi en déi zwee Punkten um "e", an den Hittchen op engem Vokal mecht?


--Cornischong 19:16, 24 Nov 2004 (UTC)

Äntwert op Froen[Quelltext änneren]

Gudde Moien Renderwander Flott datt's de eis hëllefe wëlls. Ech probéieren der hei op all deng Froen eng valabel Äntwert ze ginn:

  • Wäert op d'Schreifweis: Du hues ganz Recht, dat ass eng wichteg Saach. Kuck der emol déi kuurz Aféierung an d'Schreifweis un, op déi op der éischter Säit higewise gëtt. Wanns de dat intus hues, da rullt scho vill. Mär musse natierlech oppassen, datt mer dee Probleem an de grëff kréien. Also, kuck der dat emol un.
  • Ma et ass gutt, fir e bëssen op Tromm ze schloen an den Internet foren.
  • Zu den Informatiounen: Et informéiert ee sech wou ee kann. Jiddereen soll d'Copyright respektéieren an net blann iergeneppes einfach ofschreiwen.
  • Zu denger Tastatur: Déi zwee Punkten um e, also den e Tremakrissd emat "Alt + 137". Dee gëtt jo am Lëtzebuergesche fir de Laut "ö" gebraucht.

Wanns de nach Froen hues, da looss se kommen.

Um Ufank wäerds de Problemer mat der Schreifweis hunn, mee mach der keen décke Kapp, déi Problemer haten déi meescht, an net ze knapps.

--Cornischong 19:28, 24 Nov 2004 (UTC)

Zu dem "Hittchen" . Do sinn ech mer net ganz sécher, wéi dat gemengt ass. Den Accent circonflexe fënns de leénks niewent der 1 (uewe lénks). Also fir d'éischt den ^ an dann dee Buschtaf, op deens de den Hittche setze wëlls. ok? --Cornischong 19:41, 24 Nov 2004 (UTC)

Moien & e Versuch vun enger Äntwert[Quelltext änneren]

E schéine gudden Owend och vu mier dann :)

Reklamm fir eis ass ëmmer gudd. Mier kennen ëmmer Leit gebrauchen déi eppes uerdentleches schreiwen.

Zu dénger Fro : "Saache wéi Forum, Thread, Topic, User, etc. Vielleicht weess jo een op et fier solch Wieder och scho letzebuergescher gin déi établéiert sin." Eigentlech net. Mier si jo net d'Fransouse wou se well musse Couriel fir E-mail huelen well d'Académie et eben sou wëll. Dowéinster kann een zu Lëtzebuerg kee forcéieren eppes sou oder sou ze soen. Allerdéngs existéieren op Lëtzebuergesch do e puer Wierder déi ee gebrauche kann : Forum mengen ech net dass et vill Méiglechkeete gëtt wann ech mol vun eisem Stamminet hei oofgesinn. En Titel ass och ni vu Muttwëll wann e puer Benotzer matenaner diskutéieren an engem Threa ... tjëft :) ... Thema/Diskussiounsthema/Diskussioun. Du kanns deenen aneren och eng Äntwert ginn amplatz e Reply. An an där Äntwert, wann et sech em eng e-mail handelt, kann och en Unhang drunner sinn (waméiglech ouni Wuerm ...). Also wéis de gesäis, och wann et sech bei menge Proposen em perséinlech Iwwersetzungen handelt fir déi ech vun eise Sproocheguruen den Hals emgedréit kréich deemno wéi ;), ginn et wuel dach e puer Méiglechkeeten sou eppes ze iwwersetzen, och wa wéi gesoot keen Zwang besteet. (Ech kéint allerdéngs wetten de Cornischong mecht e "Redirect" op e Lëtzebuergescht Wuert wann eis bis eent agefall ass oder mer eent geliwwert kréien ;) )

A nach eng Saach : pass awer op wéis de déng Artikele schreiws. Denk emmer drunner datt mer eng Enzyklopedie sinn a keen Dictionnaire.--Karlthegreat 21:00, 24 Nov 2004 (UTC)


Ech wees net waats de do vierhues mee ech mengen an der Sandkaul kanns de daat och maache waats de lo mess oder ;) --Karlthegreat 21:03, 24 Nov 2004 (UTC)

waat ech fier d´next welles hun[Quelltext änneren]

Merci fier är Entwert, Cornichong a Kalthegreat. Wann ech et richtech verstaan hun as eng Enzyclopedie jo duerfier do fier enheemech Wieder op där nemlechter Sprooch ze erklären. Daat hat ech da welles mat déine gängeje Forumswieder an dan aus dem Forum eraus heihinner ze linken. As daat fier d´éischt an der Rei wann ech d´Définitioun vun engem Internetforum vun http://en.wikipedia.org/wiki/Internet_forum op Letzebuergesch géif iwwersetzen?

Sou, da léieren ech lo mol Lëtzebuergesch schreiwen.

^ , ë , hun alles verstaan Cornichong, thx.

edit: Soll ech e fier d´éischt emol an d´Sandkaul setzen?

a ménger user description hun ech e link op mäi Site gesaat. Falls daat net gäre sollt gesi gin huelen ech en eraus.

--Renderwander 22:23, 24 Nov 2004 (UTC)

Sandkaul an aner Saachen[Quelltext änneren]

Zu der Sandkaul: Do kanns de alles teste wat's de wëlls. Déi ass jo geduecht fir erëmzepiddelen. Zu denger "Ënnerschrëft": Wanns de engem eng Matdeelung mechs (wéi zum Bsispill hei) da setz ënner däin Text: zwee Bindestrécher an direkt duerno 4 Tilden (op denger Tastatur: Alt Gr riets niewent dem ü) ("~") da kënnt automatesch deng "Ënnerschreft mat Datum". Mach w.e.g. keng nei Säit op, (dat heescht en "neien Artikel" mat dengen Testen, dofir hues de jo all Méiglechkeeten an der "Sandkaul". Ech lossen deng "Testsäit" nach e bësse stoen, an da muss ech se awer läschen, well et jo keen Artikel ass. ok? Zu der Enzyklopedie: Kuck der emol eis Artikeln e bëssen un; da kriss de e Begrëff, wat sou gemengt ass. Zum Léieren vu Letzbuergesch schreiwen. Wéi scho gesot: Kuck der eis "Éischt Stäip" emol un. Zur Korrespondenz hei: Wanns de engem eppes matzedeelen hues, da schreif deem dat op seng "Diskussiounssäit" - Deen wäert der dann op denger Diskussiounssäit eng Äntwert ginn. Zu denger Benotzersäit: Do kanns de, wanns de wëlls, drop schreiwe, wat's de wëlls. Du kanns dech do virstellen, du muss natierlech net, oder eng Lëscht vun dengen Artikelen dohinner schreiwen. Op deng Usersäit kanns du roueg e Link drop setzen vun denger ...Säit Alles klar? --Cornischong 21:36, 24 Nov 2004 (UTC)

(Domme Versiounskonflikt @Cornischong :) )

Ups ech waar rem net präzis genuch also nach eng Kéier I)

1) Mat där Sach wou ech gesoot hun ech wéist net waats de do welles hues hun ech däin "Artikel" Rendertest gemengt. Alles waats de doranner geschriwwen hues kanns de och an der Sandkaul machen. De Rendertest muss nämlech lo vun eisen Admins geläscht ginn.

2) Ma den Wahrig den Duden etc. sinn Dictionnairen. De Brockhaus ass eng Enzyklopedie. An engem Dictionnaire sichs de e Wuert no, z.B. gees de an de Wahrig sichen "Kaiser, der" da kriss de eng Rei vun etymologeschen Erklärungen also etwa datt daat Wuert aus dem Latäin kennt an an deser Form réischt zënter dann an dann existéiert. Dono kommen all d'Senner vun deem Wuert an eventuell e Beispill wéis de daat wuert kanns asetzen à la "Der Kaiser gab ihm das Recht blabla" an daat waar et dann och schon. An eng Enzyklopedie gees de daat NET sichen, do gees de dann z.B. "Nero" sichen a kriss eng Biographie vun deem. Oder awer du gees en Artikel sichen iwwert e Land z.B. "Lëtzebuerg". Eng Enzyklopedie gëtt der also net de Sënn vun engem Wuert a wann da fläicht an engem Saatz, mee kaum méi. Wanns de z.B. no genanntem "Lëtzebuerg" sichs da gëtt an deem Artikel d'Geschicht vum Land, séng Géographie, séng Bevëlkerung asw. behandelt. Wanns de nom Nero sichs da kriss de an engem Artikel vun deem séng chronologesch Donnéen (gebuer, gestuerwen, éischten Zant *g* etc...), dono déi Saachen déi e gemach huet, dono vläicht och nach séng (politesch) Iddeen (z.B. datt e Kommunist war *duck*). A waat ass mat engem Wuert wéi "Staat" ? Nun an enger Enzyklopedie kriss d'Uerspréng vun där Theorie (jo alles fänkt mat enger Theorie un) erklärt, wou déi éischt Staaten opgedaucht sinn, waat e Staat fir Forme kann unhuelen (Monarchie, Demokratie, etc.) asw. Dem Dictionnaire gëtt et dann iwwerloss fir ze soen wéi een e Saatz mat deem Wuert bild oder sou Saachen

Lo verstaanen, ech hoffen ech hun dech net zevill verwirrt ? :)

(Du kanns mer daat och bei mech hikrotzele kommen, klick einfach op mäin Numm deen um Schluss vun desem Meesage steet an da kënnt meng "user Säit" do klicks de dann uewen op "diskussioun" an dann op dee klenge Plus deens de ebenfalls uewen gesäis dee Moment an da kanns de dropplassschreiwen)--Karlthegreat 21:38, 24 Nov 2004 (UTC)

Rendertest: Fro[Quelltext änneren]

Kann ech elo däi "Rendertest" läschen? An eng firwëtzeg Fro: Iwwer wat hues de wëlles deen éischten Artikel ze schreiwen? --Cornischong 21:54, 24 Nov 2004 (UTC)

Jo, läsch de "Rendertest" w.e.g. Ech hu mech och scho gefroot iwwer waat ech sollt schreiwen, me bei "Internetforum" kennen ech mech jiddenfalls gudd aus... Dier schreift wuel zimmlech vill zu äre Fachberäicher, resp. Hobbies??? Bei mier as daat 3D Grafik (Rendering a Realtime) an ech mengen net dass den Opwand et weärt wär fier déi 3 Leit déi et intresséiert an déi jo och souwéisou op d´englescht ugewise sin. Ech kucke fier zu letzebuergesche Perséinlechkeeten, Uertschaften, Geschichten eppes ze fannen. Dobäi kéint e jo vläicht Auteuren oder Verleech (dt.Verlag) uschreiwen a froën op si hiert Wierk public machen. Huet an där Hisiicht schons een eppes probéiert? --Renderwander 22:23, 24 Nov 2004 (UTC)

Mat Auteuren an sou frees de am beschten de Cornischong deen huet do sou muncheres laafen net datt der iech do op d'Féis trëppelt :)

Mat den Themen .. Also ass scho vill eege Fachberäicher/Hobby etc. dobäi. Mee mier gesinn et scho gäere wann och aner Theme kommen. Also wanns de eis wëlls eppes iwwert Informatik oder sou wells schreiwen mach et. Mat Uertschafte kanns de dech mol emkucken, daat ass keng schlecht Idee. Waat soen der Sport a Computerspiller, am Beräich Fräizäit feelt eis nämlech nach een. :) --Karlthegreat 22:35, 24 Nov 2004 (UTC)

P.S. Schreiw eis roueg eppes op eis eegen Diskussiounssäiten. Soss gesi mer vläicht net emmer alles direkt :)

Ech mengen, du misst dech erëm "aloggen". (Dat war villäicht net gespäichert bliwwen) Well lo kënnt deng IP amplaz. An da vergiess net, wanns de ageloggt bass, fir bei de "Preferenzen" (ganz uewen) bei der "Zäitzon" anzeginn, du wéils d'Zäit vum Browser hunn.

Als Lokalzäit steet do "23:23" a beim Späichere kennt trotzdem "22:23" dohi stoen. Offset = + 1:00 --Renderwander 22:55, 24 Nov 2004 (UTC)

3D Rendering[Quelltext änneren]

A firwat soll dat net en Thema sinn? Wier et net emol un der Zäit, doriwwer op lëtzebuergesch eppes ze schreiwen. Wéi wier et mat enger Aféierung an dat Thema. Wanns de fäerts, et wiere nëmmen dräi Leit, da kann ech der mol soen dat et schon mindestens dräi vun eis selwer sinn. Ech hunn dovunner net vill Ahnung! An ech si frou datt mer mol e Spezialist dofir hai bei eis hunn. T'ass bestëmmt net einfach et op lëtzebuergesch ze maachen, mee bis elo ass nach alles dran. Wanns d'e Problem mat eppes hues, kriss degäre gehollef. Wees de, den Artikel iwwer den Guareschi intresséiert am Moment villäicht och net Milliounen, mee ech probéieren, den Artikel besser ze maachen wéi déi aus deenen aneren Wikien. Et gëtt der (iwwer de Guareschi) an der italieenescher, an der däitscher, an der englescher .. Wat ech nach vergiess hat, aus deenen aneren Wikien däerfst de alles kopéieren oder iwwerstezen was de wëlls. Du kanns jo mol dohinner luusse goen. --Cornischong 23:14, 24 Nov 2004 (UTC)

Sali dann och emol vu mir.

Ech hun e bëssen iwwerflunn waat déi aner Wikipedianer esou geschriwwen hun, an ech hoffen datt ech si elo net zevill widderhuelen.

  • Zum Lëtzebuergeschen: Interessant fir déi wichtegst Grondregelen ass den Artikel Wikipedia:Eis Schreifweis
  • Zum Testen: Wikipedia:Sandkaul fir all méiglech an onméiglech Tester :)
  • Fir en Iwwerbléck wéi waat wou mat Artikelen: Wikipedia:Wëllkomm
  • Speziell zu de Biller (abauen, Rummen, Thumbnails etc): Wikipedia:Biller
  • Zu Wikipedia selwer: Wikipedia
  • Zu deem waat mer schreiwen: ech hun emol 99% vun der Zäit mindestens ee Buch nierwt mer leien, aus de Fangeren zéie maachen ech mer zb d'Ionesch Revolt och alt net, och wann ech plus ou moins am Kapp wees em waat et geet :-) Jiddferee schreiwt bis elo plus ou moins sengen Hobbien/Studien/Interessi no, bei mir zb ebe Geschicht, den JohnnyChicago ass eise Filmfreak etc. Waat einfach fir eis ganz wichteg ass, ass datt mer kee Kabes do stoen hun. (Daat hu mer leider ze oft bei eisen däitschen oder englesche Kollege gelies). Deelweis iwwersetze mer och Saache vun den anere Wikipediaen, wann se gudd sin, d.h. wa mir eis gudd genuch mam Thema auskennen fir ze soen "daat do ass kee Brach waat do geschriwwe gëtt, daat kënne mer iwwerhuelen". Donierwt kënnen och all Biller aus anere Wikipediaen geholl gin, ëmmer mam Link wou mer se hierhun. (als Beispill wéi eng Bildbeschreiwung soll ausgesin: Image:RéimeschtRäich117.png.
  • Fir ze kucke waat déi aner grad esou gestiicht hun: Special:Recenchanges (oder einfach Rezent Ännerungen lénks uewen am Menu)
  • Fir Diskussiounen déi all Mënsch eppes ugin: Wikipedia:De Staminee
  • a wanns de dech wëlls an eis wonnerbar Lëscht androen: Wikipedia:Wikipedianer

Voilà :-) Ech mengen ech hun emol e bëssen den Tour gemaach mat alle wichtege Links. Fir all weider Froen si mer natiirlech ëmmer do. Schreiw eis dofir awer am beschten op eis egen Diskussiounssäiten, da kréie mir direkt gesoot datt mer e neie Message hun.

Bis denne :-)

Briséis 00:18, 25 Nov 2004 (UTC) (Diskussiounssäit)

Merci Briséis an déi aaner fier déi heärzlech Begréissung. --Renderwander 23:57, 25 Nov 2004 (UTC)

All Respekt fir dech. Dat géif jo heeschen, déi aner hunn den Text net gelies :-)) --Cornischong 20:09, 25 Nov 2004 (UTC)

Et stin och Saachen do déi e Noob wéi mech e bessi konfus gemaach hun. Ech versichen déi Saachen emol op deser Säit opzewerfen ouni direkt dran ze änneren. --Renderwander 00:00, 26 Nov 2004 (UTC)

Salut. Géi nëmme net einfach drann änneren, well den Text hu met vum Lex Roth kritt! --Cornischong 00:02, 26 Nov 2004 (UTC)

E klengen Tipp[Quelltext änneren]

Moien. E klengen Tipp méngersäits : Wanns de un engem Artikel schaffs an du wëlls net, datt der een dranner facht dann setz un den Ufank vum Artikel daat dooten {{Skizz}} (MAT de Klammeren !!). :) --Karlthegreat 19:56, 29 Nov 2004 (UTC)

Ok man ech. Merci fir den Tip. Renderwander 20:25, 29 Nov 2004 (UTC)

Salut. De Karlthegreat mengt et gutt, mee de Skizz kënnt, wann een nëmmen e puer Sätz an en Artikel setzt an déi Aner dorop opmierksam mecht, den Artikel misst nach ausgabaut ginn. Wann ee gären ongestéiert un engem Artikel schaft. da soll en iwwer den Artikeltext {{EnCours}} Mat de geschwongene Klameren setzen. Deen Armen schéingt schwéier ze droen u sengem Schumacher-Artikel. --Cornischong

An aner nëtzlech Messagen fënns de ënner Wikipedia:Nëtzleches. Do stin allerlee Tabellen a soss sou Saachen déi ee gebrauche kann :-)

--Briséis 00:54, 30 Nov 2004 (UTC)

Jo ech verstin. Merci un all :) --Renderwander 20:38, 30 Nov 2004 (UTC)

Mailingslëscht[Quelltext änneren]

Gudden Owend. "Eng Mailinglescht kann ech ariichten wann Interessi besteet": Merci fir däi Virschlag. E puer Saachen: Wéi's de gesäiss, hat de Maradong scho wëlles, eng Mailingslëscht anzerichten. Déi Iddi ass u sech ganz gutt; wat ech (déi aner sollten natierlech och hire Pefferkär mat derbäi ginn) mengen: Mär sinn zu ganz wéineg Leit am Moment. D'Haaptzil fir eis muss sinn, "vill" Artikelen ze schreiwen, well d'Wikipedia besteet aus Artikelen (dat héiert sech villäicht kannerech un). Hei hate mer schon en etlech Leit, déi "megafantastesch an fabuléis" Iddien haten, wat nach onbedéngt muss gemaach ginn, mee: bal alleguer hu kee fanger kromm gemaach, fir en Artikel ze schreiwen. Enn huet den Artikel "Zweete Weltkrich" ugefaang, 1 (a Wierder: een) Saz geschriwwen an do war dat et. En aneren huet honnertdausend Froe gestallt, vun deenen en och déi meescht gedëlleg beäntwert krut; dunn huet en d'Dir lues hanner sech zougemaach, en aneren huet d'Chronologie total geännert, ouni iergendeen ze froen, an ouni iergendeengem seng Meenung ze froen. Dunn huet en nach versprach, hie géif dem Briséis hëllefen, alles an d'Rei ze setzen, an dunn war e fort. Fir den Ufank musse mär kucken, fir ehi eppes op d'Been ze stellen. Ech gesinn "am Moment" (!!!) net, wat mär mat enger Mailinglëscht géife maachen. "Am Moment" hu mer de Stamminet, mär hunn dës bannent Mail- Méiglechkeet, a mer hunn den normale Mail, fir déi "geheim" Saachen. (A wann ee gär meng Telefonsnummer hätt, da kann en déi och kréien, fir Saachen, déi villäicht presséieren) Wann ech liesen, wat eis däitsch Noperen an hirem Chat vu sech ginn, da gëtt et mär dréif virun den Aen. Wa mär emol zu méi sinn, da kommen ech ganz gär dorop zréck. Ech sinn natierlech frou, datt mer Leit bei eis hunn, déi méi Ahnung dovun hunn wéi ech. Dat heiten ass just MENG aktuell Meenung; ech loosse mech gäre beléieren, wann ech eppes net begraff hunn, oder d'praktesch Virdeeler vun der Mailingslëscht net bekäppt hunn. "Am Moment" freeën ech mech driwwer datt mer Leit hunn, déi d'LUXWiki weiderbréngen. Mär hu schon Munnesches um Rullen, den Ufank ass haart. Hei ass schon dacks rieds dovu gaangen, datt mer eis sollte gesinn fir bei engem Patt eis Iddien kënnen auszetauschen. U mär hängt et net. Sou dat war et emol. --Cornischong 00:45, 1 Dec 2004 (UTC)


Gët ët vum Stamminet eigentlech och eng iwwersiichtlech Säit? Wann een nët grad am historique op eng glécklech gewielte Säit klickt da fënnt e jo näischt. Eng Mailinglëscht (ech hun iwwerejens nach nët gemierkt gehaat dass jo schon eng besteet) huet e Viirdeel dass de Leit erreeschs, déi vläicht schons laang nët méi hei waren, a soumat nët am Bild si waat grad leeft, dass een se kann op Changementer opmierksam machen. Ech mengen och nët dass déi Leit ierch komplett de Réck zougedréint hun, me Artikelen ze schreiwen as nunmol eng Aktivitéit déi virun allem ganz vill Zäit verlaangt. Et kann een natiirlech och ganz einfach a séngem E-Mail Client eng Mailinglëscht zesumme stellen fier am klenge Stil. Me wann e Weärt op professionnalitéit leet dann as eng Mailinglëscht mat subscribe/unsubscribe natiirlech nët vu Mutwëll. D´ass jo omfong haaptsechlech déi Funktioun op déi ët evt. ukënnt, wann een daat am klenge mecht. Och gët dobäi nët jiddfereen d´E-mail Adress vun all denen anere gewuer. Bei méi grousse Lëschten brauch een natiirlech e Script, deen ët erméiglecht fier nët all d´Mailen op emol fortzeschécken, aus Spam-. resp. Servergrënn. --Renderwander 00:56, 1 Dec 2004 (UTC)

Salut. Merci fir deng prompt Äntwert. Mer waarden emol, wat déi aner dozou soen. Ech hunn awer nach eng Fro: Wat sees de zu engem Bot? Wier dat net eng flott Saach; wann ech kucken, wat déi Däitsch do lafen hunn ass scho beandrockend. Déi sinn iwwer eis Artikelen besser um Courant wéi mär selwer:-) Kanns du sou eppes maachen; an wat mengst du zum "prakteschen Deel"? --Cornischong 01:02, 1 Dec 2004 (UTC)

Waat soll dee Bot da machen? As daat e Script deen op der Domain no falsche Linke sicht an déi dann annoncéiert. Ech kann dat schlecht machen, well ech kenne mech mat Python guer nët aus a hun och ke Linux. --Renderwander 14:55, 1 Dec 2004 (UTC)

Bot a Mailinglëscht

Bei allem waat d'Mailinglëscht an esou Tricken ugeet, sinn ech dem Cornischong senger Meenung. Mir haten elo e puer mol revolutionnär Iddien a wann déi net direkt konnten duerchgeboxt ginn, well keen direkte Besoin do wor, da woren d'Leit och séier erëm fort.

Zum Bot: Wanns de dech irgendwou mat irgendeppes an der Richtung auskenns, kanns de mol hei op Wikimedia kucke, wéieng Méiglechkeete mer hunn. Ech hunn null Ahnung dovunner :-) --Briséis 19:31, 1 Dec 2004 (UTC)

Auteuren an esou[Quelltext änneren]

Ech selwer hat Kontakt mat Jenni a Menni. Ech hunn och vill versprach kritt, mee .... Et fehlt garantéiert net u Material, mee ... u Leit, déi eppes schreiwen. (Kuck mäi Kommentar uewen). (Denk drun, deng "Ennerschrëft" ze maachen; soss weess ech jo net wien u mech denkt, merci). --Cornischong 18:09, 1 Dec 2004 (UTC)

Kuck emol an denger Mailküescht. --Cornischong 18:14, 1 Dec 2004 (UTC)

Bei mier um Computer as keng ukom. Mengs de hei op der Säit? Wou fannen ech déi? --Renderwander 18:48, 1 Dec 2004 (UTC)

Wéi's de dech ageloggt hues, do hues de eng E-mail Adress uginn. Wann ech dann op denger Diskussiounssäit "Dësem User eng Email Schécken" klécken, da kriss de op deng Mail Adress (déi's de uginn hues) eng "echt" Mail geschéckt. Kuck emol. (An nach: wanns de mär eng Mattdeelung mechs (wéi di heiten), da solls de se op meng Diskussiounssäit setzen) Also kuck emol nach eng Kéier no. Wann net, da so mer Bescheed. --Cornischong 19:04, 1 Dec 2004 (UTC)

Sou allerhand ...[Quelltext änneren]

Nowend,

e puer Saachen dei mer sou opgefall sinn...

  • also fir daat mat dem enCours muss ech mech bessi schloen. De Cornischong huet wuel Rescht wann e seet ech wier am Niwwel
  • Eng Mailinglëscht gëtt et schon : Guckst du hier. Mee wéi de Cornischong zu Rescht soot : dei gëtt et mee si gëtt net gebraucht, well mer zu ze wéineg sinn a well mer am Moment mat Privatgemails, dem Stamminet a vierun allem den Diskussiounssäiten gudd fueren.
  • En IRC-channel hu mer och schon, mee do mussen nach e puer administrativ Saachen geklärt ginn.
  • Wéi de Cornischong seet hei sinn e puer Leit gewiescht dei hu scho Kéip wollten emgeheien a sinn déi läschte Wochen net méi opgekräitzt. Ënnert anerem admins-personal ...
  • Wann deng Mailkescht net geet ... fro mol en aneren op deen der kann eng Mail schécken wann daat net funzt hues du selwer e Problem, gi jo mol dovunner aus datts de deng hp op dengem eegene Server lafen hues an do mailman dropper hues oder ? Dee mescht nämlech heiansdo bessi Mëscht ...
  • Bot : Wéi de Cornischong an Briséis soten : sou eppes ass eng schei Saach mee mier hu keen. Ee wollt sech drem kemmeren an dee mellt sech net méi, en aneren (ech selwer) seet e géif dono kucken mee de Problem ass : ech hun och net ganz vill méi Ahnung wéi si 2. Eppes hun ech mengen ech mol schon rausfonnt : du brauchs en dump (eng rezent Kopie) vun der wiki wous de de Bot wells asetzen, zumindest fir alles waat net interwiki links sinn. Daat heescht wanns de z.B. e Bot fir Orthographie hues (bei eis ab und zu mol dréngend néideg ...) dann verbessert deen daat vierd'eischt op der lokaler Kopie an dono réischt setzt en dei verbessert Säiten an d'wiki eranner sous condition datt um Artikel nach net geschafft ginn ass soss ass et fir deen Artikel domm gelaf. Waat lo interwiki Bots ugeet do gëtt et een deen ass fäerdeg an dee gëtt et als Download op sourceforge.net. Wei deen funktionnéiert steet hei : Klick !!. Vier deen brauchs de relativ secher keng lokal Kopie mee du muss en natierlech iwwerwachen. Vläit kenne mer eis do jo mol zesumme setzen a kucken waat mer maache kennen ;) Daat wier emol e Fortschrett.
  • Nach zu deem waat Briséis sot iwwert déi Leit dei fortginn : Daat mëscht mech perséinlech traureg déi Leit net kennen heizehalen. Bei mier selwer wor et och mol sou datt ech Iddien hat dei zréckgepaff gouffe well mer dofier net genuch "Personal" hunn. Also wann emol eppes net sou ukennt ass daat net well mer dech etwa lo géifen hassen oder soss sou eppes irrationales mee well mer teschnech a vierun allem personell net dozou an der Lag sinn et duerchzeféieren, also keen decke Kapp machen ;)

--Karlthegreat 20:47, 1 Dec 2004 (UTC)

"Gët ët vum Stamminet eigentlech och eng iwwersiichtlech Säit? Wann een nët grad am historique op eng glécklech gewielte Säit klickt da fënnt e jo näischt. " Ech verstinn déi Kommentaren net. --Cornischong 20:53, 1 Dec 2004 (UTC)

Wéi d´Lescht, ech haat mer déi Diskussioun ugekuckt iwwert "wéi selektiv soll lb.wikipedia sin". Leider konnt ech se nët zuenn kucken an dun déi nexte Kéier hun ech laang Zäit am historique gesicht fier se erëm ze fannen. Ausserdeem wou fënnt en déi eeler Diskussiounen, gët et do een Archiv dat e kann duerchbliederen? --Renderwander 14:52, 2 Dec 2004 (UTC)

De Bot funktionnéiert. Ech hun em den Numm letzBOT gin. Doriwwer kënne mer jo dann elo débatéieren. Fier d´Säit Internetforum huet e ronn 3 Minute gebraucht. Me Wiki lahmt bei mir souwisou. Ech probéieren den Owend mol nach eng Kéier a kucken emol wéivill Traffic e verursaacht. (hu just 20G/Mount) --Renderwander 17:50, 2 Dec 2004 (UTC)


Also daat mam Bot ass net grad gudd ukomm wéis de gesäis. Du häss missen dat mellen, datts de souwait wiers fir e kennen anzesetzen, mol dovunner ofgesinn datt ech geschter genau sou wäit komm sinn an där Matière. E Samschde steet méi fest an där Matière da kenne mer déi Saach mol nach eng Keier kucken.

Historique vun eng Diskussiounssäit ? Majo du hues en Artikel x (oder de Benotzer x) do klicks de uewen op deem seng Diskussiounssäit, dono klicks de op Historique an dann hues de den Historique vun der Diskussiounssäit am Normalfall. Stamminet geet et einfach mat Historique well eng Diskussiounssäit vum Stamminet mëscht relativ wéineg Senn fannen ech ...

20 Gb ? coditel gell ?

--Karlthegreat 21:40, 2 Dec 2004 (UTC)

Keng Angscht, ech hun jo mol just gekuckt wéi e schafft an och nëmmen an der Sandkaul getest. Et kann och gären een aanere maachen, ech haat ebe just Zäit haut. Coditel jo, hun hei nët de Choix, duerfier as awer uerdentlech Vitesse ugesoot. Me ech géif wierklech niemols ouni den Admin an ouni dass hien een Aan op d´Säit huet e Bot lasloossen fier a am Noutfall de Bot ze spären. Fier an Zukunft ze verhënneren dass e Bot hei säin Onwiesen dreift misst een eng robots.txt opsetzen. D´war wierklech näischt dramatesch schlëmmes, waat ech gemach hun. o_O --Renderwander 22:24, 2 Dec 2004 (UTC)

onbekannt Wiki[Quelltext änneren]

Salut. Wat en Zoufall. (mär hunn deeër zimmlech vill hei) Gëschter hunn ech dat och gemierkt. Wees du, wéi een sech bei deenen "umelle" kann? Iwwregens lafe mär am google ënner "däitsch", dat fannen ech allerdéngs "geckeg". Och do weess ech net wéi een deenen dat bäibrénge kéint. --Cornischong 23:06, 8 Dec 2004 (UTC)

Google, Yahoo a Lycos sin och nach wichtech. Kuck op dene Säiten, meeschtens as do e Link wéi "submit your site" oder "url anmelden". Be Webdirectories wéi Yahoo z.B. geet e meeschtens an déi Katégorie déi e wellt a klickt do op de Link. --Renderwander 08:16, 9 Dec 2004 (UTC)

Suchmaschinnen[Quelltext änneren]

Et steet dir fräi eis anzedroë wou's de wëlls, soulaang et nix kascht :-) Ech hu mech éierlech gesoot nach net weider domadden befaasst, well Google Wikipedia usech ëmmer fënnt an ech nëmme Google benotzen als Suchmaschinn :-)

--Briséis 11:18, 9 Dec 2004 (UTC)

Wat awer speziell ass am "Lëtzebuerger google", dee sicht dat bei den "Seiten auf Deutsch" !!!!! --Cornischong 11:38, 9 Dec 2004 (UTC)

Gudden Owend. Muar den Owend wäert ech mech mellen. Da komme mer op déi Saach mat de Sichmaschinnen zeréck. Ech loosse mer dat nach duerch de Kapp goen. Has de scho gekuckt, datt google et op "Seiten auf Deutsch" sicht. Dat kënnt mer friem vir. WEll soss konkuréiere mer éiweg mat der däitscher. Kann een deenen dat iwwerhaapt matdeelen? --Cornischong 23:03, 10 Dec 2004 (UTC)

Gudden Owend. Wier et drann, fir en Artikel "Browser" ze schreiwen? (Mat Verglach vun deene verschiddene Modeller). Dat schéngt mer wichteg, an du bass de "Spezialist". Merci am Viraus --Cornischong 17:30, 19 Dec 2004 (UTC)