Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Nëtzleches

Vu Wikipedia

Hei fannt der (hoffentlech) nëtzlech Informatiounen déi beim Artikelschreiwen hëllefe kënnen.

Bausteng fir Artikelen

[Quelltext änneren]

Textbausteng
Textbausteng sinn do, fir en Artikel, Biller oder aner Säite mat Warnungen oder aner Hiweiser ze markéieren.

Navigatiounsläischten
Eng Navigatiounsläischt ass e Bausteen, deen do ass fir d'Navigatioun tëscht den Artikelen, déi zu engem Grupp gehéieren, méi einfach a méi séier ze maachen.

Schablounen

[Quelltext änneren]

Schablounen
Eng Schabloun ass eng Säit, déi sech bal d'selwecht wéi en Textbaustee benotze léisst, d. h. et ass en Text dee fäerdeg ass oder deels nach ausgefëllt ka ginn, fir an en aneren ze bauen.

Infoboxen
Eng Infobox ass eng Zort Këscht déi riets uewen an engem Artikel steet fir en Artikelen ze strukturéieren an eng kuerz Iwwersiicht ze ginn.

Koordinateschablounen
Koordinateschabloune stinn an Artikele fir eng geographesch Lag vun der jeeweileger Stad oder dem jeeweilege Land festzeleeën.

Schablouneprogramméierung
D'Programméiersprooch fir nei Schablounen ze schafe gëtt hei an einfache Wierder erkläert.

Verschiddenes

[Quelltext änneren]

Magesch Wierder
Magesch Wierder sinn do, fir bestëmmt Wäerter déi sech änneren, wéi den aktuellen Datum, d'Detailer vun der Säit oder dem Säitennumm, d'Zuel vun den Artikelen asw. an d'Säiten ze setzen.

Titelskeletter
Verschidden Zorten Artikele sinn ëmmer d'selwecht opgebaut - d'Titelskeletter weise wéi sou en Opbau ausgesi soll.

Tabellen
Fir Informatioune strukturéiert duerzestellen.

Lëschten
Dës Säit erkläert wéi Lëschten opgestallt ginn.

Metadaten
Zentraliséiert Datesammlungen, fir Aktualiséierunge méi schëtzeg ze maachen.