Op den Inhalt sprangen

Hëllef:Tabellen

Vu Wikipedia

Tabelle sinn eng strukturéiert Duerstellung vun Informatiounen. Si hunn de Virdeel, vis-à-vis vu Lëschten, datt se méi Informatiounen, déi visuell a semantesch strukturéiert sinn, kënnen erfaassen.

Well Tabelle méi komplizéiert si wéi normalen Text, solle se nëmmen do agesat ginn, wou et wierklech néideg ass fir eng besser Iwwersiicht ze hunn. Anerefalls kann eng Lëscht genee de selwechten Déngscht leeschten.[1]

Et gëtt verschidde Methode fir eng Tabell an eng Wikipediasäit ze setzen.

Hei drënner stinn déi wichtegst Zeechen déi fir Tabelle gebraucht ginn; se mussen am Ufank vun enger neier Zeil stoen, ausser den duebelen || an !! déi dofir do sinn, fir an enger Zeil optional Zellen hannerenee bäizesetzen. Sputten um Ufank vun enger Zeil ginn awer ignoréiert.

{| Tabellufank, néideg.
|+ Tabellebeschrëftung, optional; just tëschent Tabellenufank an der éischter Tabellenzeil
|- Tabellenzeil, optional bei der éischter Zeil, soss obligatoresch -- (gëtt vum Wiki-Engine d'office gesat wann et an der éischter Zeil feelt)
! Tabellen-Kappzeil, optional. Kappzeilen déi hannerenee kommen, kënnen derbäigesat ginn: entweeder an der selwechter Zeil, wa se mat duebelen Ausruffzeechen (!!) getrennt ginn, oder wann s'am Ufank vun neien Zeilen all hiert eegent Ausruffzeechen (!) hunn.
| Tabellenzell, optional. Zellen déi hannerenee kommen, kënnen derbäigesat ginn: entweeder an der selwechter Zeil, wa se mat duebele riichte Strécher (||) getrennt ginn, oder wann s'am Ufank vun neien Zeilen all hiren eegene riichte Stréch (|) hunn.
|} Tabelleschluss, néideg

Fir eng detailléiert Erklärung, wéi Tabellen am Quelltext erstallt ginn, kuckt op MediaWiki.

Et ass relativ einfach eng Basis-Tabell ze bastelen: setzt de Cursor do wou Dir eng Tabell afüge wëllt, klickt an der Geschier-Läischt op Drasetzen an duerno op Tabell. Et gëtt eng Tabell mat enger Kappzeil, dräi Zeilen a véier Kolonnen opgesat, déi Dir duerno vervollstännegen, upassen, réckelen, … kënnt

Beispilltabell
Kappzeil
Zeil 1 Text Text Text
Zeil 2 Text Text Text
Zeil 3 Text Text Text

Fir eng detailléiert Erklärung, wéi Tabellen am VisualEditor erstallt a g'ännert ginn, kuckt op MediaWiki.

Import vun enger Internetsäit

[änneren | Quelltext änneren]

Dir kënnt eng Tabell vun enger Websäit kopéieren a se direkt an de VisualEditor (VE) apechen; eventuell musst Der nom Apechen d'Optioun a Wikitext ëmwandelen uklicken. Fir sécherzestellen datt et klappt, benotzt d'Sandkaul a kontrolléiert ob d'Tabell am Wiki-Quelltext richteg codéiert an am VisualEditor an der Virschau richteg ugewise gëtt.

(Beim Kopéiere vun Donnéeën aus externe Säiten, passt op fir net géint d'Auteursrechter ze verstoussen).

Import vun enger perséinlecher Tabell

[änneren | Quelltext änneren]
  • Mat Excel2Wiki ass et méiglech fir eng Tabell aus Excel, Apache OpenOffice, LibreOffice oder Gnumeric ze kopéieren, a s'an eng Wikicode-Tabell ëmzewandelen, déi dann an enger Wiki-Säit agepecht ka ginn.
  • Et ass do dernieft och méiglech z. B. eng Excel-Tabell op sengem Computer als .csv ze späicheren a se vum Explorer aus direkt an d'Wikisäit (am Änneren-Modus) eriwwerzezéien (en. Drag and drop). D'Datei muss am Standard-CSV-Format sinn (d. h. mat Kommae getrennt) a wa se net-ASCII-Zeechen enthält, muss se entweder an UTF-8 oder UTF-16 (Unicode) codéiert sinn.
  1. Et soll ee keng Tabelle benotzen fir Lëschten a Kolonnen opzedeelen, well dat keng visuell a semantesch Strukturéierung duerstellt. Et ass besser, d'Schabloun Schabloun:Div col anzesetzen, déi de Code vun enger Oplëschtung net ënnerbrécht.