Berthe Gheude

Vu Wikipedia
Berthe Gheude
Gebuer 27. Juni 1864
Bréissel
Gestuerwen 26. Januar 1947
Berchem
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Explorateur

D'Berthe Gheude, gebuer de 27. Juni 1864 zu Bréissel a gestuerwen de 26. Januar 1947 zu Berchem bei Antwerpen[1], war eng belsch Feministin, d'Fra vum Generol Alphonse Cabra, an déi éischt Fra vun där gewosst ass, datt se queesch duerch Afrika gereest ass.

1903 hat si sech mam Alphonse Cabra bestuet, an dat selwecht Joer war si mat him op eng Afrikarees gaangen, déi siwe Méint gedauert huet. 1905 krut de Cabra vum Kinnek Léopold II. d'Missioun fir eng Inspektiounsrees an Ostprovënz vum Kongo ze maachen, a seng Fra krut d'Erlabnes fir matzereesen. De 16. Abrëll 1905 hu si zu Neapel d'Schëff geholl, an no enger Escale zu Sansibar goung et weider op Mombasa, fir do den Zuch op Port Florence um Victoriaséi ze huelen. Vun do goung et den 9. Juni iwwer de Séi a Richtung Albertséi, vu wou aus se dunn eng ronn 600 km bis op den Tanganyikaséi marschéiert sinn. Vun do aus goung et weider mat Pirogen, mam Zuch a mam Schëff bis op Boma wou se no enger Rees vun 18 Méint am Oktober 1906 ukomm sinn.

D'Berthe ass dunn eleng zeréck an d'Belsch gefuer, mat all dem Material an de wëssenschaftleche Kollektiounen déi op där Rees gemaach gi waren. An der Belsch huet si vill Interviewen iwwer de Kongo an iwwer d'Schlofkrankheet ginn. Si huet sech och dofir staark gemaach datt déi belsch Fraen hir Männer bei Missiounen am Kongo sollte begleeden.

Hire Mann deen eng brillant Karriär an der Arméi gemaach hat, gouf Generol an ass 1932 gestuerwen.

Si selwer ass ni méi zeréck an de Kongo gaangen. Vum Kinnek gouf si mam Ordre de Léopold a mat der Couronne et Étoile du Congo dekoréiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Éliane Gubin: Dictionnaire des femmes belges, XIXe et XXe siècles, Éditions Racine, 2006, S.276-277.