Bertolt Brecht
Bertolt Brecht | |
---|---|
Gebuertsnumm | Eugen Berthold Friedrich Brecht |
Pseudonym | Bertolt Brecht, Berthold Larsen |
Gebuer |
10. Februar 1898 Augsburg |
Gestuerwen |
14. August 1956 Ost-Berlin |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, DDR, Weimarer Republik, Éisträich |
Educatioun | Universitéit vu München |
Aktivitéit | Dramatiker, Liddertexter, Dréibuchauteur, Theaterregisseur, Dichter, Librettist, Literaturkritiker, Schrëftsteller, Filmregisseur, Regisseur |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR |
Famill | |
Bestuet mat | Marianne Zoff, Helene Weigel |
De Bertolt Brecht, och nach Bert Brecht, gebuer den 10. Februar 1898 zu Augsburg als Eugen Berthold Friedrich Brecht, a gestuerwen de 14. August 1956 zu Berlin, war en däitsche Schrëftsteller a Regisseur.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Dem Bertolt Brecht säi Studium vun den Naturwëssenschaften, der Medezin a virun allem der Literatur gouf 1918 duerch säin Déngscht als Sanitäter an engem Lazarett ënnerbrach. Wärend där Zäit gouf de Bertolt Brecht e fervente Krichsgéigner.
1918 huet de Bertolt Brecht säin éischt Wierk Baal, een anarchistescht-nihilistescht an expressionistescht Drama, geschriwwen.
1922 gouf Baal zu München, wou de Bertolt Brecht als Dramaturg geschafft huet, fir d'éischt gespillt. Mat dësem Stéck huet de Bertolt Brecht seng Renommée als Dramaturg kritt.
1924 bis 1926 huet de Bertolt Brecht als Dramaturg zu Berlin geschafft an de Marxismus intensiv studéiert.
1933 ass de Bertolt Brecht, deen an der Tëschenzäit en iwwerzeegte Sozialist gi war, zesumme mat senger Fra Helene Weigel aus Däitschland geflücht, an no Tëschestatiounen (ënner anerem zu Moskau (1935-1939)), 1941 an den USA ukomm.
Nom Zweete Weltkrich ass de Brecht, dem déi Alliéiert d'Arees an d'Westzone verweigert hunn op Ost-Berlin geplënnert.
1949 huet de Bertolt Brecht zesumme mat senger Fra de Berliner Ensemble gegrënnt. Dëse war eng wichteg Experimentéierbün an Europa.
D'Resignatioun am Bertolt Brecht senge Wierker déi nom Bau vun der Berliner Mauer entstane sinn ass onverkennbar.
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Stécker (chronologesch)
[änneren | Quelltext änneren]- Baal
- Trommeln in der Nacht
- Im Dickicht der Städte
- Leben Eduards des Zweiten von England
- Mann ist Mann
- Die Dreigroschenoper
- Aufstieg und Fall der Stadt Mahagonny
- Der Ozeanflug
- Das Badener Lehrstück vom Einverständnis
- Der Jasager und der Neinsager
- Die Maßnahme
- Die Heilige Johanna der Schlachthöfe
- Die Ausnahme und die Reegel
- Die Mutter
- Die Rundköpfe und die Spitzköpfe
- Die Horatier und die Kuratier
- Die unwürdige Greisin
- Furcht und Elend des Dritten Reiches
- Die Gewehre der Frau Carrar
- Leben des Galilei
- Mutter Courage und ihre Kinder
- Das Verhör des Lukullus
- Der gute Mensch von Sezuan
- Herr Puntila und sein Knecht Matti
- Der aufhaltsame Aufstieg des Arturo Ui
- Die Geschichte der Simone Machard
- Schweyk im Zweiten Weltkrieg
- Der kaukasische Kreidekreis
- Die Tage der Commune
- Turandot oder Der Kongreß der Weißwäscher
- eng Beaarbechtung vun der Antigone (1947)
Eenakter
[änneren | Quelltext änneren]- Die Kleinbürgerhochzeit,
- Der Bettler oder Der tote Hund,
- Er treibt einen Teufel aus,
- Lux in Tenebris,
- Der Fischzug,
- Dansen,
- Was kostet das Eisen?,
- Die sieben Todsünden der Kleinbürger
Lyrik
[änneren | Quelltext änneren]- Die Hauspostille,
ausgewielt Gedichter a Lidder:
- Choral vom Manne Baal, Ballade von den Seeräubern, Die Legende vom toten Soldaten, Der Schneider von Ulm, An die Nachgeborenen, Die Lösung, Mein Bruder war ein Flieger, Fragen eines lesenden Arbeiters, Erinnerung an die Marie A., Schlechte Zeit für Lyrik
Prosa
[änneren | Quelltext änneren]- Bargan läßt es sein,
- Geschichten vom Herrn Keuner,
- Dreigroschenroman,
- Flüchtlingsgespräche,
- Kalendergeschichten,
- Kinderkreuzzug,
- Die Geschäfte des Herrn Julius Cäsar
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bertolt Brecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |