Bettenger Schlass
Typ | Buerg |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Dippech |
Koordinaten | 49°34'32"N, 5°58'57"O |
D'Bettenger Schlass läit an der rue du Château an der Uertschaft Betteng op der Mess (Gemeng Dippech).
Et gouf 1753 vum René Louis de Geisen (1684-1771) baue gelooss, an huet am Laf vun de Joerhonnerten duerno ëmmer nees de Proprietär gewiesselt.[1]
Den 10. Dezember 1982 gouf d'Gebai vum Schlass an d'Entréesportal op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]
De 26. Februar 1986 gouf d'Schlass vum Staat der Association des parents d'enfants mentalement handicapés (APEMH) zur Verfügung gestallt fir do ënner dem Numm "Domaine du Château" landwirtschaftlech an handwierklech Atelieren an e Foyer fir geeschteg behënnert Leit anzeriichten. Virdru war do e Jongenheem.
1991 krut d'APEMH d'Autorisatioun fir d'Schlass ze renovéieren an zanter August 1996 huet se do och hiren Haaptsëtz an e Fortbildungszenter fir geeschteg handicapéiert Leit.[3]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Helbach, Jos, 2009, Der private Großgrundbesitz in Luxemburg im 19. Jahrhundert - Seine Entwicklung und sein Schicksal; Lëtzebuerg (Eegeverlag; Drock: Imprimerie Centrale), Ss 162-164.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Dippech
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bettenger Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Histoire de la commune", Commune de Dippach.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Bernhard Peter, "Das Schloß in Bettingen-Mess (Bettange-Mess, Luxembourg)".