Betty Mars

Vu Wikipedia
Betty Mars
Gebuertsnumm Yvette Marcelle Baheux
Gebuer 30. Juli 1944
18. Arrondissement
Gestuerwen 20. Februar 1989
Suresnes
Doudesursaach Fall
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Sänger

D'Betty Mars, mat richtegem Numm Yvette Baheux, war eng franséisch Sängerin a geleeëntlech Schauspillerin, déi den 30. Juli 1944 zu Paräis gebuer gouf an den 20. Februar 1989 zu Suresnes gestuerwen ass.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als jéngst Kand vun enger Famill mat zéng Kanner, huet d'Betty Mars scho fréi ugefaangen Danz an Akrobatik ze léieren. Mat 16 huet si ugefaangen a Revuen zu Paräis, duerno och zu Las Vegas an a Brasilien ze spillen.

Si huet Frankräich am Eurovision Song Contest 1972 zu Edinburgh mam Lidd Comé comédie vertrueden an ass domat op déi 11. vun 18 Plaze komm. Si huet och eng däitsch Versioun mam Titel Komödiant der Liebe verëffentlecht. Duerno huet si nach Duetter mam Mike Brant a mam Alain Barrière gesongen, an ass reegelméisseg an der Sendung La Chance aux chansons opgetrueden. An e puer Filmer huet si och Rollen iwwerholl. D'Héichzäit vun hirer Karriär war an den 1980er awer eriwwer an an hire leschte Joren ass si haaptsächlech a Cabareten opgetrueden. Hir lescht Single C'est à quarante ans ass 1987 erauskomm. Zwee Joer méi spéit, den 31. Januar 1989, am Alter vu 44 Joer, huet sech d'Betty Mars aus der Fënster vun hirer Wunneng am Paräisser Quartier La Défense geheit. No dräi Wochen am Koma ass si den 20. Februar gestuerwen a läit um neie Kierfecht vu Puteaux am Departement Hauts-de-Seine begruewen.

Um Ablack vun hirem Doud hat si eng 18 Joer al Duechter an huet getrennt vun hirem Partner gelieft.

Discographie (net komplett)[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

1974: Le café russe

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

1971: Monsieur l'étranger / Ça, c'était un homme
1972: Casino / L'accordéon c'est comme la mer
1972: Comé comédie / Mon café russe
1973: Gentleman / Écrivez-moi Monsieur
1973: Pardonne-moi Jésus / Demain chantera
1973: Un matin comme les autres / La chanteuse du dancing
1975: Bye Bye Blue Angel / Le voyageur
1976: Femme parmi les femmes (mam Françoise Hardy)
1979: Elle va chanter (mam Alain Barrière)
197?: Noël des marins (mam Jack Mels)
197?: Si tu connaissais Paris
1987: C'est à quarante ans / Auprès de toi

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]