Bill Napier

Vu Wikipedia
Bill Napier
Gebuer 29. Juni 1940
Perth
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universtéit vu Glasgow
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

De William M. Napier oder Bill Napier, gebuer den 29. Juni 1940 zu Perth, a Schottland, ass en Asteroidefuerscher an Auteur. Dem Napier seng Fuerschung beschäftegt sech mat de physikaleschen a cheemeschen Eegenschafte vun Interstellarem Stëbs souwéi den Auswierkunge vu Meteorittenaschléi op d'Äerd. No him ass den Asteroid (7096) Napier genannt.[1] Den Napier ass ausserdeem Auteur vu ville wëssenschaftlechen a populärwëssenschaftleche Bicher.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Napier hat op der Universitéit Glasgow studéiert. Vun 1967 bis 1992 war hien Astronom um Kinneklechen Observatoire vun Edinburgh. Vun 1994 bis 1996 hat hien, nees zeréck op der Universitéit Glasgow, Fuerschungsaufgaben opgeholl. 2001 gouf hien Honorarprofesser um Institut fir Astrobiologie op der Universitéit vu Cardiff an huet am Armagh-Observatoire geschafft.

Allgemeng Bekanntheet krut de William M. Napier duerch déi – zesumme mam Astrophysiker an Astronom Victor Clube an anere Wëssenschaftler entwéckelt – Theorie vum Kohärente Katastrophismus (Engl.: coherent catastrophism), déi periodesch Impakte vu Koméite resp. Koméitefragmenter op der Äerd viraussetzt. Sou Impaktevenementer sollen och d'Mënschheets- an Zivilisatiounsgeschicht beaflosst hunn.[2]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minor Planet Center, Smithsonian Astrophysical Observatory, Cambridge, Mass. (1997). Minor Planet Circulars, Feb. 22. ISSN 0736-6884.
  2. D. J. Asher, S. V. M. Clube, W. N. Napier und D. I. Steel (1994): Coherent Catastrophism. Vistas in Astronomy, 38 (1), 1–27; zu enger populärwëssenschaftlecher Aféierung op Englesch kuckt online: Philip R. Burns, "Clube and Napier: Coherent Catastrophism. (en). Online op www.pibburns.com, gekuckt den 9. Juni 2013.