Billie Holiday

Vu Wikipedia
Billie Holiday
Gebuertsnumm Eleanora Fagan
Pseudonym Lady Day, Billie Holiday
Gebuer 7. Abrëll 1915
Philadelphia
Gestuerwen 17. Juli 1959
New York
Doudesursaach Liewerzirros
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Lidderschreiwer, Auteur, Liddermécher, Jazzsänger, Komponist, Autobiograph, Museker
D'Billie Holiday (1949).

D'Billie Holiday, gebuer de 7. Abrëll 1915 zu Philadelphia als Elinore Harris, a gestuerwen de 17. Juli 1959 zu New York, war eng US-amerikanesch Jazzsängerin.

Mat Stécker wéi Strange Fruit a Lover Man, sou wéi mat hirem eegenen, onverwiesselbare Interpretatiounsstil fir Jazz-Standards, un deem sech jett Sängerinnen inspiréiert hunn, gëtt si, nieft der Ella Fitzgerald an der Sarah Vaughan, zu de gréissten Jazzsängerinne vun der Welt gezielt.

No enger schwéierer Kandheet a Jugend, wou se zäitweileg als Prostituéiert huet misse schaffen, huet si 1929 ugefaangen, als Sängerin a Clibb opzetrieden. 1933 huet si - mam Benny Goodman - hir éischt Plack opgeholl. An den 1930er Joren huet si eng ganz Rëtsch Swing-Stécker enregistréiert, an dobäi hiren onverwiesselbare Stil ausgeschafft, an deem se d'Melodie deelweis fräi improviséiert huet. Bei ville vun deenem Opnamen huet de Lester Young matgemaach, deen e gudde Frënd vun hir gouf.

1937-1938 huet si am Count Basie senger Band gesongen, an duerno mam Artie Shaw. D'Billie Holiday war eng vun den éischten (schwaarzen) Jazzängerinnen, déi a "wäissen" Ensembelen opgetrueden ass, ma se hat vill ënner der Segregatioun ze leiden. Sou huet si dacks missen duerch d'hënnescht Entrée an Hoteller oder Concerssäll goen, an deene se opgetrueden ass oder gewunnt huet, oder se gouf méi däischter geschminkt, wéi se war, fir besser dem Cliché vun der "schwaarzer" Sängerin z'entspriechen.

1939 huet si fir d'éischt Strange Fruit gesongen, dat op engem Gedicht vum Abel Meeropol (alias Lewis Allan) baséiert an dat d'Lynchjustiz u Schwaarzen als Theema huet. Et gouf ee vun hire gréisste Succèsen.

1944 huet si Lover Man fir Decca opgeholl, och dat e Succès. Am selwechte Joer ass si, als éischt Jazzsängerin iwwerhaapt, an der New Yorker Metropolitan Opera opgetrueden. 1946 hat si eng Roll am Film New Orleans, wou si awer just en Déngschtmeedchen huet dierfe spillen. An där Period ass hir Heroin-Ofhängegkeet ëmmer méi zu engem Problem ginn. 1947 koum si wéinst Drogebesëtz fir e puer Méint an de Prisong, ma den ausverkaafte Concert an der Carnegie Hall, de 27. Mäerz 1948, war e grousse Succès an huet gewisen, datt hir Fans hanner hir stéingen.

Ma den 22. Januar 1949 gouf si op en Neits wéinst Drogebesëtz festgeholl, an an de Joren duerno goung et mat hirer Gesondheet biergof.

1956 koum hir Autobiographie Lady Sings the Blues eraus, an dat Joer hat si nach eng Kéier zwéin ausverkaaft Concerten an der Carnegie Hall.

1959 ass d'Billie Holiday, komplett veraarmt, u Liewerzyrrhos gestuerwen.

E puer vun de bekanntste Standards, deene se mat hirer Interpretatioun hire Stempel opgedréckt huet, sinn: A Fine Romance, All of Me, As Time Goes By, Autumn in New York, But Beautiful, Do You Know What It Means, Embraceable You, Fine and Mellow, Gloomy Sunday, God Bless the Child, Good Morning Heartache, I Cover the Waterfront, I Gotta Right to Sing the Blues, I Loves You Porgy, It's Easy to Remember (And So Hard to Forget), Yesterdays , Lover Come Back to Me, Love for Sale, Lover Man, The Man I Love, Mean to Me, Nice Work If You Can Get It, Night and Day, Solitude, Stormy Weather, Summertime, There Is No Greater Love, These Foolish Things (Remind Me of You), The Way You Look Tonight a Willow Weep for Me.

Kompositiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Billie Holiday huet och selwer eng Rëtsch Lidder geschriwwen, e puer dovun zesumme mat aneren Auteuren:

  • 1936: Billie's Blues alias: I Love My Man
  • 1939: Our Love Is Different
  • 1939: Long Gone Blues
  • 1939: Fine and Mellow
  • 1939: Everything Happens for the Best (mam Tab Smith)
  • 1940: Tell Me More and More and Then Some
  • 1941: God Bless the Child (mam Arthur Herzog, Jr.)
  • 1944: Don't Explain (mam Arthur Herzog, Jr.)
  • 1949: Somebody's on My Mind
  • 1949: Now or Never (mam Curtis R. Lewis)
  • 1950: You Gotta Show Me
  • 1954: Stormy Blues
  • 1956: Lady Sings the Blues (mam Alberta Nichols)
  • 1956: My Man

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Billie Holiday – Biller, Videoen oder Audiodateien