Count Basie

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Count Basie
Gebuertsnumm William James Basie
Gebuer 21. August 1904
Gestuerwen 26. Abrëll 1984
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Pianist, Bandleader, Dirigent, Komponist, Autobiograph, Schauspiller, Jazzmuseker, Lidderschreiwer, Organist

De Count Basie (fir richteg William Allen Basie), gebuer den 21. August 1904 zu Red Bank, New Jersey a gestuerwen de 26. Abrëll 1984 zu Hollywood, Florida, war en US-amerikaneschen Jazz-Pianist, Organist, Komponist an ee vun de bedeitendste Bandleader vum Swing.

De Basie gouf als leschte vun de grousse Pianisten-Bandleader populär. Bal 50 Joer laang stoung hien un der Spëtzt vum Count Basie Orchestra, duerch dee vill Museker bekannt goufen, wéi d'Tenorsaxophoniste Lester Young an Herschel Evans, an d'Trompetiste Buck Clayton a Sweets Edison, a mat deem vill Sänger opgetruede sinn, wéi de Jimmy Rushing, d'Helen Humes, de Joe Williams, de Frank Sinatra, d'Judy Garland, de Bing Crosby, d'Ella Fitzgerald, den Tony Bennett an de Sammy Davis Jr.1980 hat hie seng lescht Europa-Tournée.

Bekannt Stécker, déi och op Singelen erauskoumen[änneren | Quelltext änneren]

  • April in Paris
  • Basie Boogie
  • Bugle Blues
  • Cute
  • Dance Of The Gremlins
  • Flight Of The Foo-Birds
  • Green Onions
  • I'll Always Be in Love with You
  • Jive at Five
  • Jumpin' at the Woodside
  • Lil' Darlin
  • Little Pony
  • Midgets
  • Moten Swing
  • One O'Clock Jump
  • Plymouth Rock
  • Rock-A-By Basie
  • Shiny Stockings
  • Shoe Shine Boy
  • Shout and Feel It
  • Splanky
  • Sleepwalker's Serenade
  • Swing Brother Swing
  • Swinging the Blues
  • The Count Steps In
  • The Kid From Red Bank
  • The Me And You That Used to Be
  • They Can't Take That Away from Me
  • When My Dreamboat Comes Home
  • Whirly Bird

Hie krut 9 Grammyen a gouf 1985, fir säi Liewenswierk, posthum vum Ronald Reagan mat der Presidential Medal of Freedom ausgezeechent. Véier vu sengen Titele goufen an d'Grammy Hall of Fame opgeholl.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Count Basie (mam Albert Murray): Good morning blues, Econ, Düsseldorf 1987
  • Stanley Dance: The world of Count Basie 1980, da Capo 2001, ISBN 0-306-80245-7
  • Alun Morgan Count Basie, Hippocrene Books, New York und Turnbridge Wells, 1984
  • Reiner Nolden Count Basie - sein Leben, seine Musik, seine Schallplatten, Oreos 1990, ISBN 3-923657-30-7
  • Raymond Horricks Count Basie and his orchestra 1957, Neioplo: Negro Universities Press, Westport 1971,

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Count Basie – Biller, Videoen oder Audiodateien