Biosphärereservat Karpaten
D'Biosphärereservat Karpaten (op Ukrainesch: Карпатський біосферний заповідник) ass en Naturschutzgebitt dat 1968 geschafe gouf[1] an dat, wéinst senger héijer Biodiversitéit, zanter 1992 zum Weltwäite Reseau vun de Biosphärereservater vun der UNESCO gehéiert[2].
Et läit am Oblast Transkarpatien an der Ukrain, an huet eng Fläch vu 57.880 Hektar[3].
1998 gouf et an d'Biosphärereservat Ostkarpaten integréiert, vun deem Deeler an der Slowakei an a Polen leien.[4].
Ronn 82 % vum Reservat sinn Urwald[5].
Et besteet aus sechs Biergmassiver, zwou botanesche Reserven an engem regionalen Naturpark.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Landschaft.
-
No engem Donnerwieder.
-
Landschaft am Norden, bei Rakhiv.
-
Bierger an de Wolleken.
Fauna a Flora
[änneren | Quelltext änneren]D'Flora setzt sech zesummen aus 262 Aarte vu Champignonen, 392 Aarte Flechten, 440 Aarte Mooser 465 Algen an 1.062 Vaskulärplanzen. 64 Planzenaarte stinn op der Rouder Lëscht vun der Ukrain a vun der UICN.
D'Fauna besteet aus 64 Mamendéieraarten, 173 Vullenaarten, 9 Aarte vu Reptiller, 13 Amphibien, 23 Fësch an iwwer 10.000 Wierbellosen. 72 dovu stinn op der ukrainescher Rouder Lëscht an op där vun der UICN.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) (uk) Offiziell Websäit
Commons: Biosphärereservat Karpaten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ protectedplanet.net
- ↑ Fiche 'Carpathian' op unseco.org.
- ↑ protectedplanet.net
- ↑ "Biosphere Reserve Information – East Carpathians" op unesco.org
- ↑ unesco.org.