Bonaventura Cavalieri

Vu Wikipedia
Bonaventura Cavalieri
Gebuer 1598
Mailand
Gestuerwen 30. November 1647
Bologna
Educatioun Universitéit vu Pisa
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Theolog

Bonaventura Francesco Cavalieri gebuer am Joer 1598 warscheinlech zu Mailand, gestuerwen den 3. Dezember oder 30. November 1647 zu Bologna war en italieenesche Jesuat, Mathematiker an Astronom.

De Bonaventura Cavalieri huet um Gebitt vun der Geometrie geschafft an huet zu Bologna geléiert.

De Cavalieri gouf haaptsächlech wéinst dem Prinzip vun den Indivisibile bekannt. Dee Prinzip war an enger Virform scho 1604 a 1615 vum Kepler gebraucht ginn. No der fréierer Versioun vu 1635 gëtt ugeholl, datt eng Linn aus enger onendlecher Zuel vu Punkten ouni Gréisst besteet, eng Uewerfläch aus enger onendlecher Zuel vun Linnen ouni Breet an e Kierper aus enger onendlecher Zuel vu Flächen ouni Héicht. Als Reaktioun op Aspréch gouf de Prinzip nei formuléiert a 1647 mat enger Verdeedegung vun der Theorie nei verëffentlecht; am Joer 1653 goufe seng Wierker mat spéidere Korrekturen nei publizéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Prinzip vum Cavalieri.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Geometria indivisibilibus, 1635
  • Exercitationes Geometricae, 1647

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bonaventura Cavalieri – Biller, Videoen oder Audiodateien