Boogie-Woogie

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Boogie-Woogie-Musekerin Katie Webster

Boogie-Woogie ass e Solo-Pianosstil, deen am éischte Joerzéngt vum 20. Joerhonnert an den USA aus dem Blues entstanen ass a seng Héichzäit an den 1930er an 1940er Joren hat.

De Boogie-Woogie baséiert um Blues-Schema, ënnerscheet sech awer vum Blues duerch säin technesch usprochsvolle, méi séieren Tempo, seng typesch Basslinnen, déi mat der lénkser Hand repetitiv gespillt ginn, wärend déi riets Hand dacks am Offbeat seng Melodie mat Akkorden an Tremoli uräichert. D'Pedal vum Piano gëtt am Boogie-Woogie gewéinlech net agesat.

\relative c { \clef "bass" \time 4/4 \override Staff.TimeSignature #'style = #'() \key c \major \tempo "Presto" 4 = 160 
c,8.[_\markup { Boogie-Woogie Basslinn am Do (C). } c'16 e,8. f16 ] fis8.[ g16 g,8. g'16] }

Audiobeispill[änneren | Quelltext änneren]

"Red Dog Shuffle" gespillt vum Colin Ross Quartet, 2009.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wiktionnaire: Boogie-Woogie Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen
Commons: Boogie-Woogie – Biller, Videoen oder Audiodateien