Boys on the Run (Film 2002)

Vu Wikipedia
Boys on the Run
Film
Produktiounsland  USA
Frankräich
Lëtzebuerg
Première Abrëll 2002
Dauer 97 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Pol Cruchten
Dréibuch Frank Feitler
Fotografie Stephen Kazmierski
Musek Bill Conti
Schnëtt Tom McArdle
Produzent Tarak Ben Ammar
Produktiouns-
gesellschaft
Quinta Communications USA Inc.
Red Lion[1]
Schauspiller
Jesse Littlejohn als Charlie
Raquel Beaudene als Raindrop
James Lafferty als Joe Ferguson
Ron Perlman als Captain
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Boys on the Run ass e Spillfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Pol Cruchten aus dem Joer 2002.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De jonken Charlie McCarson kënnt wéinst Brandstëftung an e Jugendprisong. Do geet et rau zou, an hie léisst sech géint e puer Sue vum Joe beschützen. Zesumme lafen déi zwéi fort, a landen an der Natur. Si klauen e Kanu bis aus heiterem Himmel e Meedchen bei si stéisst. D'Raindrop ass och op der Flucht, virun der Gewalt vu sengem Stéifpapp, deen e paramilitäreschen Terroristecamp an de Bierger leet. Elo muss si sech allen dräi retten.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass eng amerikanesch-lëtzebuergesch-franséisch Koproduktioun.[2] E krut 1999 an 2000 eng Produktiounshëllef vun am Ganze 16 Millioune Lëtzebuerger Frang vum Lëtzebuerger Filmfong.[3]

En hat seng Première am Abrëll 2002 op der sechster Editioun vum Cinénygma Luxembourg International Film Festival, bäi där och de Schauspiller Ron Perlman present war.[2]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Wenigstens die Kameraarbeit ist gelungen. Im technischen Bereich haben die fetten Fonds immerhin dafür gesorgt, dass Cruchten eine professionnelle Crew zusammenstellen konnte. Leider erzählen Cruchten und Feitler nichts Neues, wärmen Szenen aus ähnlichen Filmen auf. Die jugendlichen Schauspielerinnen geben ihr Bestes, doch ihre Darstellung kann nicht über das dürftige Szenario hinwegtäuschen. So bleibt denn ein sehr amerikanisierter Film, der unterschiedliche Gewaltherde überfliegt und Themen wie Freundschaft, Loyalität, Einsamkeit zwar anreißt, sie aber leider nicht vertieft.

Bei so viel Schönheit kommt die eigentliche Geschichte fast zu kurz. Was wie das sensible Psychogramm eines vereinsamten Jugendlichen beginnt, wird bald zu einem ziemlich reißerischen Thriller, der leider eben deshalb nicht immer funktioniert, weil die Psychologie zu oft hinter den großen Effekten zurücksteht. Besonders die Tatsache, dass die wirklichen Motive der terroristischen Organisation im Dunkeln bleiben, macht es dem Zuschauer schwer, sich in die Story einzufühlen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film op filmfund.lu
  2. 2,0 2,1 2,2 woxx.lu: POL CRUCHTEN: Boys on the Run vum Sylvie Bonne (12. Abrëll 2002)
  3. Rapport Annuel 2000 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 2
  4. Kritik vum Claudine Muno aus dem Télécran op polcruchten.com (12. Februar 2012)