Braunlauf (Baach)
|
Quellgebitt vun der Braunlauf | |
| Längt | 16.750 m |
|---|---|
| Debit | 11.85 m³/s |
| Hydrographesche Baseng | Rhäin |
| Fläch vum Anzuchsgebitt | 35,46 km² |
| Originn | |
| Originn |
Zesummelaf vun 2 Baachen |
| Plaz | Maldingen |
| Héicht | 468 |
| Koordinaten |
50° 14’ 22’’ N 06° 02’ 02’’ O |
| Konfluenz | |
| Leeft an | d'Our |
| Plaz |
Lommersweiler Grüfflingen (Neumühle) |
| Héicht | 376 m |
| Koordinaten |
50° 13’ 54.19’’ N 06° 10’ 25.18’’ O |
| Haaptnieweflëss | Rosbach, Mittelbach, Dorfbach, Moderbach, Entenbach, Prümerbach, Hasselbach |
| Geographie | |
| Land |
|
| Uertschaften | Braunlauf, Neubrück, Galhausen an Neidingen |
|
| |
D'Braunlauf ass eng belsch Baach an der Provënz Léck. Si entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou klenge Baachen dem Rossbach, an enger Baach ouni Numm, an enger Supp 900 m nërdlech vun der Uertschaft Maldingen op enger Héicht vu 468 m (ING Belsch)..
Si leeft vun do aus no Osten a Richtung Braunlauf a muss dofir ënner der aler Eisebunsslinn N° 163 erduercht. Ronn 1.500 Meter hanner Braunlauf kritt se Gesellschaft vum Mittelbach, an 2 km duerno vum Moderbach. No engem Laf vun 11 km, an 1 km südlech vu Breitfeld kënnt vu lénks de Prümerbach dran. Vun hei un dréint d'Braunlauf no Süden a Richtung Neidingen vir dann an engem schmuelen Dall weider laanscht Lommersweiler ze lafen.
Kuerz no Lommersweiler kënnt da vu riets nach den Hasselbach dran, a 1.700 Meter méi déif leeft se dann op enger Héicht vun 376 Meter bei der däitsch-belscher Grenzmaark N° 163 an d'Our. Hir Totallängt ass 16.750 m.
Naturschutz
[änneren | Quelltext änneren]Den Dall vun der Braunlauf a vun hiren Nieweflëss ass en Natura 2000 Schutzgebitt (Nr. BE33063).[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ BE33063 - Vallée et affluents du Braunlauf Archivéiert den 03.01.2024. Gekuckt den 03.01.2024.


