Britteschen Territoire am Indeschen Ozean
| Britteschen Territoire am Indeschen Ozean | |||||
| |||||
| National Devise: In tutela nostra Limuria (la) | |||||
| Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
| Haaptstad: | keng | ||||
| • Koordinaten: | 6° 0’ 0’’ S 71° 30’ 0’’ O | ||||
| Staatsform: | brittescht Iwwerséigebitt | ||||
| Fläch: | 63,17 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 3.000 | ||||
| Nationalhymn: | God Save the King | ||||
| Wärung: | US-Dollar | ||||
| Zäitzon: | UTC +6 | ||||
| Internet TLD: | .io | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+246 | ||||
De Britteschen Territoire am Indeschen Ozean (englesch: British Indian Ocean Territory) ass e brittescht Iwwerséigebitt dat hautdesdaags just nach aus dem Chagos-Archipel besteet.
Den Archipel besteet aus siwen Atolle mat ronn 60 meeschtens onbewunnte klengen Inselen. Déi gréisst Insel ass Diego Garcia am Atoll mam selwechten Numm. Déi aner Atolle sinn:
- Chagos-Archipel, de gréissten Atollkomplex vun der Äerd (mat der Nelsons Insel, Danger Insel, Eagle Insel an Dräi Bridder),
- Peros Banhos,
- Salomon Inselen,
- Egmont Inselen, grad ewéi
- de Blenheim Riff an d'Speakers Bank, déi just bei Niddregwaasser op d'Waasseruewerfläch kommen a keng Inselen hunn.
D'Insele verdeelen sech iwwer e Gebitt vu 54.400 km². All d'Inselen zesummen hunn eng Fläch vu ronn 60 km².
D'Awunner vun den Insele si vu Mee 1966 u relogéiert ginn a liewen zënterhier op Mauritius, de Seychellen oder am Vereenegte Kinnekräich. D'Insele sinn haut net méi bewunnt, mat Ausnam vun Diego Garcia wou e brittesch-amerikanesche Marinnestëtzpunkt ass, souwéi en astronomeschen Observatoire.

Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Britteschen Territoire am Indeschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien |

