Buchebuerg

Vu Wikipedia
Buchebuerg
Buchebuerg 2019
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Klierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Koordinaten 50° 06’ 01.08’’ N
      06° 04’ 30.35’’ O

Buchebuerg war eng fréier Uertschaft a Par, ongeféier um hallwe Wee tëscht Hëpperdang an Hengescht.

Et ass bekannt datt scho virun 822 do eng Kierch stoung, déi Parkierch fir déi Hëpperdanger an Hengeschter war. Et gëtt ugeholl datt Buchebuerg an der Zäit vum Drëssegjärege Krich, wéinst der Pescht ausgestuerwen ass. Um Enn vum 17. Joerhonnert gouf d'Par op Hengescht verluecht, a 1792 gouf déi Buchebuerger Kierch ewechgerappt, an zu Hengescht gouf eng nei gebaut.

Un déi fréier Kierch erënneren hautdesdaags nach just Grondmaueren, op der Plaz wou d'Kierch stoung, e Grafsteen, an de Flouernumm Aal Kiirch.

Am Juni 2004 hunn d'Landschaftsarchitekten Levin a Monsigny vu Berlin, op der Plaz ronderëm déi fréier Kierch eng Installatioun gemaach déi Les croix du vent - Kreuze im Wind gedeeft gouf. Den Optrag dofir koum vum Naturpark Our.

Den 28. August 2017 huet de Klierfer Gemengerot decidéiert den Terrain vun der Hengeschter Kierchefabréck ofzekafen, fir op dëser Plaz e Bëschkierfecht, deen den Numm "Wandkierfecht" krut, ze realiséieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wandkierfecht Gemeng Klierf.

Grafstee vun 1854

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür Die Gemeinde Heinerscheid vum Pater B.J. Thiel OSB, 1955
  • Nosbusch, Aloyse, 1980, Der alte Kirchhof von Buchenburg. De Cliärrwer Kanton, 1980/2, S. 36

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buchebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien