Buerg Buerschent

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Buerschter Schlass)
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Buerg Buerschent
Buerg Buerschent
Typ Buerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Buerschent
Plaz Buerschent
Koordinaten 49°54'19"N, 6°4'47"O
Material Steen, Zill
Statut Klasséiert Monument
D'Buerg vun der Bierdener Strooss gesinn.
D'Buerg aus der Vulleperspektiv
Plang vun der Buerg.

Der Buerg vu Buerschent läit e gudde Kilometer südëstlech vum Zentrum vu Buerschent, um CR308 dee vun der Buerschter Millen erop féiert. D'Originne vun der Buerg ginn iwwer d'Joer 1000 eraus an ass deemools op engem 150 m héije Fielsstupp, deen nëmme vun Nordwesten Zougank huet, opgeriicht gouf.

D'Buerg gouf aachtmol vergréissert a restauréiert, wat och déi verschidde Baustiler vun der Buerg erkläert. Déi baussenzeg Rankmauer ass tëscht 1350 an 1384 gebaut ginn. Am Joer 1384 ass d'Stolzebuerger Haus an ëm 1477 d'Virbuerg gebaut ginn.

1512 ass dee leschten Här vu Buerschent gestuerwen, ouni Kanner ze hunn. Seng Ierwen hu sech d'Buerg ënnerenee opgedeelt: d'vu Metternichs hu sech am ale Buergfrid an am Palas vun der Buerg ageriicht, d'Zant vu Merl am ënneschten Deel vun der ieweschter Buerg an déi vun Ahr am Stolzebuerger Haus. 1650 gouf d'Kapell vergréissert, a 1785 d'Stolzebuerger Haus komplett ëmgebaut. Zu där Zäit waren d'Kapell an de Palas schonn zum Deel an e Koup gefall.

1812 gouf d'Buerg mat de Lännereie versteet an ass an de Joerzéngten duerno lues a lues verfall. 1936 gouf d'Ruin op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Nationalmonument klasséiert[1].

Den 12. Abrëll 1972 huet de Lëtzebuerger Staat se kaaft. Zanterhier goufe vill Ausgruewungen a Renovatiounsaarbechte finanzéiert.

D'Ausgruewunge bei der Buerg hu réimesch, merowengesch, karoléngesch an ottonesch Spueren un der Dag bruecht.

Historesch Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Buerschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).