Bullisvulkan

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bullis-Vulkan)
Bullis-Vulkaner am Qobustan-Nationalpark am Aserbaidjan.

Ënner Bullis-Vulkan versteet een eng geologesch Formatioun aus Buedem a Sedimenter, déi duerch Exkretioune vu Flëssegkeeten a Gasen (meeschtens Methan) entstane sinn. Dobäi mëscht sech Waasser mat Buedem a gëtt duerch Gasen ausgestouss. Bullis-Vulkaner sinn op Subduktiounszonen ze fannen.

An Europa gëtt et sou Vulkaner op der Taman-Hallefinsel a Russland an op der Kerch-Hallefinsel am Südoste vun der Ukrain. An Italie si se op der Nordfront vun den Apenninen an op Sizilien ze fannen, an a Rumänien bei Berca, no bei de Karpaten. E bësse méi wäit ewech fënnt en der am Qobustan-Nationalpark, am Aserbaidjan.

Och um Mieresfong gëtt et eng jett sou Vulkaner doruechter.

Am Mee 2006 ass de Bullisvulkan Sidoarjo op Java ausgebrach, aus deem och haut nach all Dag zegDausende vu Kubikmeter Bulli auslafen, an am Gaang sinn, eng ganz Géigend zouzeschëdden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bullis-Vulkaner – Biller, Videoen oder Audiodateien