Burano

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Faarwefrou Fëscherhaisercher zu Burano

Burano ass eng vun de gréissten Inselen an der Lagun vu Venedeg. Op hir liewen ongeféier 4.800 Awunner. Burano ass mat der Nopeschinsel Mazzorbo iwwer eng Holzbréck verbonnen. Déi zwou Insele gehéieren zu den eelste Siidlungsplazen an der Lagun vu Venedeg

D'Männer vu Burano liewe vun der Fëscherei an d'Frae, vum 16. Joerhonnert bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert, vun der Spëtzestéckerei. D'Spëtzeschoul Scuola di Merletti huet d'Spëtzestëckerei zu Burano awer nei belieft a bréngt zanter 1872 meeschterlech Kopien an nei Stéckereien an aler Noletechnik ervir.

Spëtze vu Burano[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Scuola di Merletti gëtt et nach ëmmer. Si ass op der Piazza Galuppi ze fannen. Se stellt an hirem eegene Museo del Merletto echt Burano-Spëtzen aus, déi och nach haut als "deiere Luxus" ugesi ginn. Am Géigesaz dozou ginn a ville Butteker op der Insel Spëtzen aus Asien ugebueden, déi un déi echt Burano-Spëtz net erukommen.

Typesch fir Burano sinn déi vill kleng Fëscherhaisercher, déi an deene verschiddenste Faarwen ugestrach sinn. D'Awunner passe besonnesch gutt drop op, dem eegenen Haus eng aner Faarf ze ginn, wéi dem Noper säint. Déi kräfteg Faarwen, déi sech an de Kanäl spiggelen, lackele vill Fotografen a Moler op d'Insel.

E Monument op der Piazza Galuppi erënnert un den italienesche Komponist Baldassare Galuppi, deen den 18. Oktober 1706 zu Burano gebuer ass. De schife Campanile vun der Kierch San Martino op der Piazza Galuppi ass scho vu wäitem ze gesinn. An der Kierch ass eng Kräizegungsszeen vum Giovanni Battista Tiepolo ausgestallt.

Galuppi-Monument op der Piazza Galuppi

Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Legend vu Burano[änneren | Quelltext änneren]

D' Seechen erzielt, datt d'Faarwe vun den Haiser net zoufälleg sou ganz faarweg gewielt goufen: Sou sollen d'Fëscher an enger niwweleger Nuecht oder nodeem se owes eng gehalen hunn, de Wee op hir Insel resp. an hiert Haus erëmfonnt hunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schuette, Marie: Alte Spitzen. Nadel- und Klöppelspitzen. Ein Handbuch für Sammler und Liebhaber. Klinkhardt & Biermann München, 1981.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Burano – Biller, Videoen oder Audiodateien