C/2007 N3 (Lulin)
C/2007 N3 (Lulin) | |
---|---|
Orbittyp | hyperbolesch |
Numeresch Exzentrizitéit | 1.0002 |
Perihel | 1,212AE |
Bunnschréi | 178,37Grad |
Perihelduerchgank | 10. Januar 2009 |
Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
Geschicht | |
Entdecker Lin Chi-Sheng an Ye Quanzhi | |
Entdeckungsdatum | 11. Juli 2007 |
Aner Bezeechnungen | - |
De Koméit C/2007 N3 (Lulin), och verkierzt Koméit Lulin genannt, ass en Himmelskierper deen den 11. Juli 2007 op dräi Fotoe vum Lin Chi-Sheng a vum Ye Quanzhi um Lulin-Observatoire entdeckt gouf. De Koméit gëtt zu den net-periodesche Koméite gezielt. D'Entdeckung gouf de 17. Juli 2007 vum J. Young um Table-Mountain-Observatoire bestätegt.
Bemierkenswäert um Lulin ass, datt hien duerch agespaarten Dicyan an zweeatomege Kuelestoff gréng liicht.
De Koméit ass de 24. Februar 2009 mat enger Distanz vun 0,41 AE (≈ 61 Millioune km) laanscht d'Äerd geflunn. Zu deem Zäitpunkt stoung hien am Stärebild Leo, dat géint Hallefnuecht säin héchste Stand hat. De Koméit krut eng maximal visuell Magnitude vu ronn 4m, wat bedeit, datt en nëmmen a ländleche Regioune mat wéineg Liichtverschmotzung mat bloussem A z'erkenne war.
De Schwäif war an zwee gedeelt an nieft dem Haaptschwäif war e Géigeschwäif (Typ-III-Schwäif) ze gesinn, deen an déi aner Richtung gewisen huet.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Grüner Komet nähert sich der Erde bei NASA
- C/2007 N3 (Lulin) Bunnelementer
- Komet Lulin Aufsuchkarten
- Bilder des Kometen Lulin bei mondatlas.de
- Langzeitbelichtung des Kometen Lulin in der Nacht vom 27/28. Februar 2009
- Zeitraffer-Film wie sich Komet Lulin bezüglich der Sterne innerhalb einer Stunden bewegt, Komet fix
- Zeitraffer-Film wie sich Komet Lulin bezüglich der Sterne innerhalb einer Stunden bewegt, Sterne fix