Op den Inhalt sprangen

C/2011 W3 (Lovejoy)

Vu Wikipedia
C/2011 W3 (Lovejoy)
Den C/2011 W3 (Lovejoy)
Orbittyp elliptesch laangperiodesch
Grouss Hallefachs 51,214
Perihel 0,0055 AE
Aphel JD 2455900.5: zirka 150 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.9999
Perihelduerchgank 16. Dezember 2011
Ëmlafdauer JD 2455900.5: zirka 600 Joer
Ëmlafvitess
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker Terry Lovejoy
Entdeckungsdatum 27. November 2011
Aner Bezeechnungen

Den C/2011 W3 (Lovejoy) ass e periodesche Koméit, deen Enn November 2011 vum Terry Lovejoy an Australien entdeckt gouf. D'Crew vun der Internationaler Raumstatioun (ISS) konnt de Koméit och gesinn a filmen.[1] De Koméit gehéiert zu der sougenannter Kreutz-Grupp. De 16. Dezember 2011 war säi Perihelduerchgank, mat bloussem A ze gesinn. Et gouf ugeholl, datt hien dobäi brieche kënnt.[2] De Koméit awer hat säi Rendez-vous mat der Sonn op enger Distanz vun 140.000 km glécklech iwwerstanen a konnt vum Solar Dynamics Observatory (SDO) beim Austrëtt aus der Sonnekorona observéiert ginn.[3],[4] Et gëtt vu Fuerscher ugeholl, datt de Koméit duerch seng staark Réckstousskraaft zesummegehale gouf an net auserneegebrach war obschonn en d'Roche-Grenz ënnerschratt hat[5].

De SOHO, STEREO an de Proba-2 hunn de Koméit och observéiert.[6],[7]

Am Ufank war den Duerchmiesser vum Koméitekär op 100 m bis 200 m geschat ginn. No den neiste Berechnunge soll säin Duerchmiesser tëscht 400 m an 22 km bedroen[5].

Portal Astronomie

Commons: C/2011 W3 (Lovejoy) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loverjoy observéiert vun der Raumsond STEREO-A, D'Interaktioun vum Sonnewand mat dem Schwäif ass z'erkennen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. http://www.nasa.gov/multimedia/videogallery/index.html?media_id=125774121
  2. http://www.sterne-und-weltraum.de/alias/beobachtungstipp/ein-komet-auf-tuchfuehlung-zur-sonne-c-2011-w3-lovejoy/1133349
  3. http://www.space.com/13959-doomed-comet-lovejoy-sun-encounter-wrap.html
  4. Some Comets like it Hot science.nasa.gov, abgerufen am 13. Januar 2012
  5. 5,0 5,1 Benjamin Knispel: Kometen, Warum Komet Lovejoy überlebte, astronews.com, Datum:14. März 2012, Abgerufen: 14. März 2012
  6. Comet Lovejoy Plunges into the Sun... and Survives sse.jpl.nasa.gov
  7. Proba-2 tracks Comet Lovejoy through Sun's fiery corona esa.int ofgeruff den 13. Januar 2012