COSPAR-Bezeechnung
D'COSPAR-Bezeechnung och International Designator, kuerz NSSDC ID, ass d'Katalognummer vu jiddwer Raumfluchkierper op enger Ëmlafbunn, déi dem COSPAR gemellt gëtt. De Begrëff Raumfluchkierper gëtt dobäi generéis gesinn an ëmfaasst och all d'Objeten, déi no engem Start vun enger Rakéit entstane sinn an eng selbstänneg Ëmlafbunn hunn. De Sënn vun deene Bezeechnungen ass, fir all Raumfluchkierper - egal wéi grouss en ass a vu wou en hierkënnt - mat senge Bunndaten eendeiteg z'erfaassen an als Stéiergréisst aus astronomeschen Observatiounsdaten erausfilteren ze kënnen.
Éischt System 1957-1963
[änneren | Quelltext änneren]An astronomescher Traditioun (Stären, Koméiten an Asteroiden) gouf vun 1957 un all Éischtsiichtung (entspriechend engem Rakéitestart) mat Joreszuel an engem griichesche Buschtaf bezeechent. Wa méi Objeten z'ënnerscheede waren, krute se no hirer Gréisst en numereschen Index.
Vun 1961 un hunn duerch déi vill Siichtungen déi 24 Buschtawen net méi ausgereecht an et gouf en zweet Regëster fir d'Weiderziele gebraucht.
Aktuellt System zanter 1963
[änneren | Quelltext änneren]1963 gouf op dat haitegt Bezeechnungsschema Joer-lafend Nummer (zwou respektiv dräistelleg) alphabeteschen (laténgeschen) Index iwwergaangen.
D'Registréierung gëtt no der sécherer Bedeitung vum Objet verginn. Well mëttlerweil fir praktesch all Notzlaaschte Bezeechnunge vun de Bedreiwer benotzbar sinn, sinn d'Indizien A a follgend meeschtens d'Notzlaaschten, eréischt da kommen d'Rakéitestufen an ofgetrennt Deeler. Am Katalog sinn ongeféier 6500 Objeten agedroen (Stand 2008).
D'Bezeechnunge vum ale System goufen nodréiglech a Bezeechnunge vum neie System ëmgeännert.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]- Den éischte kënschtleche Satellit Sputnik 1 krut d'Bezeechnung 1957 α 2. Déi lescht Rakéitestuf, déi och an eng Ëmlafbunn koum, war 1957 α 1, well si optesch vill méi grouss war. Dës Bezeechnunge goufen am neie System zu 1957-001A fir d'Rakéitestuf an 1957-001B fir de Satellit, obwuel béid an der Tëschenzäit vergloust waren.
- De Gamastralesatellit Swift war deen eenzege Satellit, dee beim Delta-II-Start D-309 ausgesat gouf an hat dofir d'NSSDC ID: 2004-047A
- Den Televisiounssatellit TV-SAT 2 ass deen éischte beim Ariane-4-Start V33 ausgesate Satellit an huet dofir d'NSSDC ID: 1989-062A. Den Astrometriesatellit Hipparcos huet als zweete beim selwechte Start (Ariane 4 V33) ausgesatene Satellit d'NSSDC ID: 1989-062B
- E Brochstéck vum 2007 zerstéierte chineesesche Fengyun-1C Satellit (ufanks NSSDC ID vum Satellit 1999-025A) huet sou d'NSSDC ID: 1999-025DJM kritt.
En anert Bezeechnungsschema fir kënschtlech Trabanten ass déi fënnefstelleg Satellite Catalog Number.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- NSSDC-Sich
- UNOOSA: Registréierung vun der UN
- Mirror der UNOOSA-Registrierung mat Kommentare vum Jonathan McDowell (Jonathan's Space Report)