Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer | |
---|---|
Ofkierzung | CTF |
Zweck | Fërdere vum Gaart- an Uebstubau als Fräizäitbeschäftegung |
Grënnungsdatum | 1928 |
Memberen | 19.511 (2018) |
Sëtz |
97, rue de Bonnevoie, Lëtzebuerg |
President | Martine Mergen |
D'Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer, ofgekierzt CTF, op Lëtzebuergesch och alt Gaart an Heem, ass eng lëtzebuergesch Liga déi sech fir d'Fërdere vum Gaart- an Uebstubau als Fräizäitbeschäftegung asetzt.
Duerch e Règlement ministériel ass se zanter 1993 als staatlech Naturschutzvereenegung unerkannt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Liga ass 1928 aus der Fusioun vun den dräi Associatiounen „Coin de Terre et du Foyer“, „Cercle Horticole“ an „Amis de la Fleur“ entstanen. Se setzt sech aus lokale Sektiounen, déi als landwirtschaftlech Genossenschafte unerkannt sinn, zesummen. E puer vun dëse Sektiounen hu sech mëttlerweil als Asbl registréiere gelooss an op de Privileeg vun der landwirtschaftlecher Genossenschaft verzicht.
2018 bestoung d'Liga aus 111 Sektioune mat ronn 19.511 Memberen[1].
Gaart an Heem (Zäitschrëft)
[änneren | Quelltext änneren]Typ | Zäitschrëft |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Sujeten | Gaardenaarbecht |
Websäit | ctf.lu |
D'CTF gëtt eng Zäitschrëft fir hir Memberen eraus, déi Gaart an Heem heescht, sou wéi d'Liga am Volleksmond genannt gëtt. Si kënnt sechsmol d'Joer eraus.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gaart an Heem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Organigramm op der Websäit vum Gaart an Heem, fir d'lescht gekuckt de 15. August 2018
- Quell wou net anescht uginn: Geschichtliches und Ziele op www.gaartanheem.lu, fir d'lescht gekuckt de 15. August 2018