Cariñena (DO)
Cariñena ass eng vun de véier Wäibauregiounen an Aragonien a Spuenien déi eng Denominación de origen (DO) hunn. Si läit an der Provënz Saragossa südwestlech vun der Haaptstad vun der Provënz. Den Zentrum ass d'Uertschaft Cariñena.
D'Denominación de origen gouf fir d'lescht reglemetéiert duerch e Ministerialreglement vun 2002.[1]
Cariñena ass eng vun den eelsten Appelatioune vu Spuenien. Si huet enger Riefzort hiren Numm ginn Cariñena, déi a Frankräich Carignan genannt gëtt, obschonn déi Zort nëmmen 1,5 % vun der Produktioun an där Appellatioun ausmécht.
D'Wéngerte stinn op enger Héicht tëscht 400 an 800 Meter, op verschiddene Biedem, an d'Klima ass kontinental.
D'Wäiner aus där Géigend si meeschtens jonk rout Wäiner, et gëtt awer och Wäisser a Rosé. E klengen Deel gëtt gebraucht fir Cavawäiner ze maachen.
Riefzorten
[änneren | Quelltext änneren]Wäiss Wäiner | Rout Wäiner | ||
Macabeo Garnacha blanca Parellada Chardonnay Moscatel de Alejandria |
Carineña Garnacha tinta Mazuela Tempranillo Juan Ibáñez Monastrell Cabernet Sauvignon Merlot Syrah |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (es)ORDEN APA/2351/2002, de 11 de septiembre, por la que se ratifica la modificación del Reglamento de la Denominación de Origen «Cariñena» y de su Consejo Regulador.