Gustav Witt

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Carl Gustav Witt)
Gustav Witt
Gebuer 29. Oktober 1866
Berlin
Gestuerwen 3. Januar 1946
Falkensee
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom, Saachbuchauteur

De Carl Gustav Witt, gebuer den 29. Oktober 1866 zu Berlin a gestuerwen den 3. Januar 1946 war en däitsche Stenograph an Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Witt war de Jong vum Berliner Spediteur August Witt. De Gustav hat vun 1887 bis 1890 Mathematik an Naturwëssenschaften (besonnesch Astronomie) op der Berliner Friedrich-Wilhelms-Universitéit studéiert.

Schonn a senger Studienzäit huet hien als Stenograph geschafft, woubäi hien de Stolze-System benotzt huet. Vun 1888 un huet hien als Sekretär beim Preisesche Parlament geschafft a gouf do am Joer 1890 Stenograph. 1898 gouf hie Stenograph beim Däitsche Reichstag. Do huet hie bis zu senger Pensioun am Joer 1931 geschafft. Zum Schluss war hie stellvertriedenden Direkter vum Reichstag-Stenographebüro.

Nieft sengem Beruff war hien zanter 1892 Astronom um Observatoire vun der Berliner Urania, an zanter 1896 am Comité. Wärend senger Zäit am Observatoire bis 1900 huet hien zwéin Asteroiden entdeckt, dorënner den (433) Eros[1], deen éischten entdeckten Asteroid, dee sech net an der Haaptasteroidenceinture ophält, mä eng Bunn beschreift, déi deelweis an der Marsbunn verleeft.

Asteroidenentdeckungen: 2
(422) Berolina 8. Oktober 1896
(433) Eros 13. August 1898

Am Joer 1905 huet de Witt op der Berliner Universitéit beim Julius Bauschinger[2] zum Theema Untersich iwwer d'Beweegung vum Planéit 433 Eros zum Dr. phil. promovéiert. 1909 habilitéiert hie sech an enseignéiert do als Privatdozent. 1916 gouf hien Titularprofesser an 1921 ausseruerdentleche Professer (ouni Beamtestatus) ernannt. Vun 1913 un huet hien den Übungsobservatoire vun der Universitéit geleet.

De Witt war Dréier vum Eisene Kräiz II. Klass um wäisse Band.

Zanter 1902 war hie mat der Caroline Thiele bestuet, der Duechter vum Fabréckbesëtzer Carl Thiele. Die béid haten zwéi Meedercher.

Den 1926 entdeckten Haaptceinture-Asteroid (2732) Witt krut den Numm zu sengen Éieren.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mitentdecker war Felix Linke (1879–1959). Vgl. Wolfgang R. Dick, Jürgen Hamel: Beiträge zur Astronomiegeschichte. Band 5. Harri Deutsch Verlag, Frankfurt 2002, ISBN 3-8171-1686-1, S. 214.
  2. Laut http://genealogy.math.ndsu.nodak.edu/id.php?id=47817

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Die astronomischen Ortsbestimmungen auf der Irangi-Expedition. In: C. Waldemar Werther: Die mittleren Hochländer des nördlichen Deutsch-Ost-Afrika. Hermann Paetel, Berlin 1898.
  • (mit August Kopff) Beobachtungen des Planeten Eros bei der Opposition 1930–1931. In: Astronomische Nachrichten, 237, 1930.
  • Baryzentrische Ephemeride des Planeten 433 Eros für die Perihelopposition 1930–1931. Verlag der Astronomischen Nachrichten, Kiel 1933.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie