Carl Theodor Dreyer

Vu Wikipedia
Carl Theodor Dreyer
Gebuer 3. Februar 1889
Kopenhagen
Gestuerwen 20. Mäerz 1968
Kopenhagen
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Dänemark
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Regisseur
Member vun American Academy of Arts and Sciences

De Carl Theodor Dreyer, gebuer den 3. Februar 1889 zu Kopenhagen, gestuerwen den 20. Mäerz 1968 zu Kopenhagen war en dänesche Filmregisseur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Dreyer ass als Karl Nielsen op d'Welt komm, d'Kand vun enger net bestueter Josefine Berhardine Nilsson. De klenge Karl ass nach duerch zwou Fleegefamille passéiert ier hien am Alter vun zwee Joer bei eng streng dänesch lutheranesch Koppel koum; den Typograph Carl Theodor Dreyer a seng Fra, d'Inger Marie. De klenge Karl gouf adoptéiert a krut dem Fleegepapp säin Numm. Et war och déi Zäit, an där seng biologesch Mamm gestuerwen ass, wéi se eng nei Schwangerschaft wollt ofdreiwen. Et ass net bekannt wéini den Dreyer seng Familljeverhältnesser matkritt huet. A ville vu senge Filmer mierkt een awer den Afloss vu sengem Kandheetstrauma.

Nodeem hien d'Grondschoul fäerdeg hat, ass hien 1906 vu sengen Adoptiveltere fortgaangen. En hat Interessi um Journalissem an huet bei der Berlingske Tinddende, der eelster dänescher Zeitung a bei der Politiken als Reporter geschafft. 1910 huet hie mat e puer Kolleegen en eegent Blat erausginn, dat et net laang ausgehalen huet. Als Mataarbechter vun Ekstra Bladet krut hie mat der dänescher Filmindustrie ze dinn. Heiansdo huet hien un Dréibicher geschafft.

1913 krut hien endlech e Vertrag mat Nordisk, an zwee Joer drop souz hie scho beim Schneiddësch. Wéi den techneschen Direkter matkritt huet, wat den Dreyer konnt, huet en em virgeschloen, e Film ze dirigéieren.

Den éischte Film[änneren | Quelltext änneren]

Scho fir den éischte Film 'Praesidenten' huet den Dreyer dat Natierlecht an dat Realistescht gesicht. Hie sicht sech seng Duersteller selwer eraus a verzicht op geschminkt Gesiichter. Am Film geet et ëm d'Déngschtmeedche Victorine, dat wéinst dem Doud vu sengem neigebuerene Kand viru Geriicht steet. De Riichter, en éierbare Bierger, soll iwwer säin eegent erwuesse Meedchen, dat hien nieft sengem Bestietnes hat, riichten. Et ass also scho fréi ze gesinn, datt den Dreyer seng eege Vergaangenheet mat de Filmer opschafft. Dem Dreyer säi Matgefill fir ënnerdréckt Frae steigert sech bis zum 'La Passion de Jeanne d'Arc'.

Seng Filmer[änneren | Quelltext änneren]

La Passion de Jeanne d'Arc[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem den Hausmeeschter a Frankräich gutt ukomm war, huet d'Société Génerale de Films beim Dreyer ugeklappt, fir hinnen e Geschichtsdrama ze dréinen. Entweeder iwwer d'Cathérine de Medici, d'Marie-Antoinette oder d'Jeanne d'Arc. Dem Dreyer, dee sech bal an all Film mat dem mënschleche Leed beschäftegt hat, louch natierlech d'Jeanne d'Arc-Theema uewen. Zu dem Jesus Film, vun deem de Regisseur säi spéidert Liewe laang getiermt huet, ass et leider ni komm. De Glécksfall war d'Haaptduerstellerin, d'Renée Marie Falconetti, déi ënner deene sëllege Jeanne d'Arcen (Jean Seberg, Ingrid Bergman) onerreecht bleift. Den Dreyer, dee wéi de Robert Bresson dem erniddregte Mënsch e puer Monumenter gesat huet, war hei ganz a sengem Element.

Den Dreyer hat d'Prozessdossiere penibel studéiert. D'Péng an déi existenziell Angscht ass am Film mat den Hänn ze gräifen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Seng laang Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Seng Kuerzfilmen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1942 'Modrejoelpten' (fr.: D'Hëllëf fir d'Mammen)
  • 1946 'Vandet pa landet' (D'Waasser an eisem Land)
  • 1947 'Landsbykirken' (Al Kierchen um Land)
  • 1947 'Kampen mod kroeften' (De Kampf géint de Kriibs)
  • 1948 'De naaede foergen' (fr.: Ils attrapèrent le bac)
  • 1949 'Thorvaldsen'
  • 1950 'Storstromsbroen' (D'Bréck vu Storstrom)
  • 1954 'Et slot i slot' (E Schlass an engem Schlass)

E Film iwwer den Dreyer[änneren | Quelltext änneren]

1995 huet den Torben Skjodt Jensen en Dokumentarfilm zusummegestallt "Carl Th. Dreyer - My métier". De Film ass a schwaarz-wäiss, stereo, dauert 94 Minutten an huet e Format-Ratio vun 1,66:1. Et schwätze munnech Filmleit, déi mam Dreyer zesummegeschafft haten an d'Duechter vun der Renée Jeanne Falconetti, dem Dreyer seng Jeanne d'Arc.

Gespréichspartner:
  • Henning Bendtsen: Hie war hanner der Kamera vum "Ordet" an "Gertrud". Iwwregens huet de Bendtsen och dem Lars von Trier seng "Epidemic" (1987) an "Europa" (1991) gedréint.
  • Hélène Falconetti: Si ass d'Duechter vun der Renée Jeanne Falconetti an dem Henri Goldstuck.
  • Birgitte Federspiel: Am "Ordet" spillt si d'Roll vun der Inger
  • Preben Lerdorff Rye: En dänesche Charakterduersteller. Mat dobäi am "Vredens dag" an Ordet".
  • Lisbet Movin: D'Anne aus "Vredens dag"
  • Baard Owe: Den Erland Jansson aus dem "Gertrud"
  • Jorgen Roos: De Mann mat der Kamera vum "De naeda foergen" an "Et slot i slot"
  • Axel Strobye: De Psychiater aus dem "Gertrud"

DVD Rotschléi[änneren | Quelltext änneren]

The Criterion Collection[änneren | Quelltext änneren]

Déi US-amerikanesch The Criterion Collection huet vum Dreyer e puer vu senge wichtegste Produktiounen an aussergewéinlech gefleegten Editiounen erausginn.

  • The Passion of Joan of Arc Den DVD ass vum Original (82 Minutten) gezu ginn, dee laang vermësst war, an 1981 an engem norwegesche Psychiatrieheem erëmfonnt gouf.

bfi DVD[änneren | Quelltext änneren]

  • Day of Wrath, Vredens dag, 2006
  • Gertrud, Gertrud, 2006
  • Ordet, Ordet, 2006
  • Master of the House, Du skal aere din hustru, 2006

Kino[änneren | Quelltext änneren]

  • Mikaël

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]